arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Appell: Urteel am Prozess ëm déidlecht Accident mat Äisskulptur rechtskräfteg

Justiz

|
reading time

1 min

Keen Appell: Urteel am Prozess ëm déidlecht Accident mat Äisskulptur rechtskräfteg

D’Urteel am Prozess ëm dat déidlecht Accident, am November 2019, um Chrëschtmaart an der Stad ass rechtskräfteg. Dës Informatioun vum Radio 100,7 huet d’Justiz eis op Nofro hi confirméiert.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Well keng vun de Parteien Appell gemaach huet géint d’Urteel vun Ufank Juli, bleift et deemno bei zwou Condamnatiounen an aacht Fräispréch. 

Den Äiskënschtler, deen d’Skulptur geschafen hat, war jo zu engem Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt ginn. Ee vu senge Mataarbechter hat iwwerdeems néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 1.500 Euro kritt.

D’Eltere vum Affer kruten hirersäits eppes méi wéi 160.000 Euro Schuedenersatz zougesprach an aacht aner Familljememberen zesummen 90.000 Euro.

Virun eppes méi wéi sechs Joer war e Stéck vun enger Äisskulptur op e Jong vun zwee Joer gefall. Deen hat d’Accident net iwwerlieft. Néng Beschëllegt, souwéi den Luxembourg City Tourist Office LCTO, haten dofir ënner anerem wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach kritt.