arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Import méi aus israeelesche Kolonien: Xavier Bettel wëllt Gesetzestext virleeën

Aussepolitik

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Keen Import méi aus israeelesche Kolonien: Xavier Bettel wëllt Gesetzestext virleeën

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel huet de Moien an der Chamber ugekënnegt, muer en Text am Ministerrot anzebréngen, deen en Importverbuet vu Produiten aus illegalen israeelesche Kolonië virgesäit. Dat huet hie bei der Orientatiounsdebatt iwwer déi international Verflichtunge vu Lëtzebuerg erkläert.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Dës Debatt am Hibléck op d’Praktike vun Israel an de Palästinensergebidder war vun déi Lénk, der LSAP an déi gréng ugefrot ginn. D’Basis fir d’Debatt huet eng Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber duergestallt, déi am Mäerz ausgeschafft gi war.

De Franz Fayot vun der LSAP huet direkt um Ufank vun der Debatt d’Fuerderung widderholl, datt et zu engem Importverbuet vu Produiten aus illegalen israeelesche Kolonië misst kommen.

Den Ausseminister huet dunn um Schluss d’Abrénge vun deem Text an de Ministerrot annoncéiert.

“Normalerweis soll een net iwwer den Ordre du jour schwätzen, mee ech hunn op jidde Fall de Conseil de gouvernement saiséiert, an ech hoffen, datt mir och muer eis kënnen dorop eenegen.” 

Wier schwiereg iwwer d'Lag ze schwätzen

D’Sam Tanson vun déi gréng huet vun enger noutwendeger an heikeler Debatt geschwat. Et géif si stéieren, datt et esou schwéier wier, fir generell iwwer dëse Konflikt ze schwätzen.

"Esou wéi mir et an änleche Situatiounen och géife maachen, esou wéi mir et am Krich vu Russland géint d'Ukrain gemaach hunn. Deen deux poids, deux mesures ass eppes, wat ech zimmlech insupportabel fannen.”

Den Antisemitismus an Europa wier inakzeptabel, an d’Attentater vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 misste condamnéiert ginn. Et dierft een awer och net ignoréieren, wat an de Palästinensergebidder geschitt, esou déi gréng Deputéiert.

Roll vu Lëtzebuerg op globalem Niveau wier net allzegrouss

A Saachen Antisemitismus huet de Xavier Bettel betount, datt tëschent 2022 an 2024 d’Zuel vun esou Virfäll zu Lëtzebuerg vu 76 op 177 eropgaange wier.

D’Roll vu Lëtzebuerg an der Welt huet den Ausseminister als net allzegrouss ageschat. 

De Grand-Duché hätt awer net näischt gemaach op internationalem Plang, a seng Roll bei beispillsweis der EU oder UNO géif immens appreciéiert ginn. Nawell wieren déi eege Moyene limitéiert, esou de Xavier Bettel.

Motioun zu Kooperatiounsaccord mat Israel gouf net ugeholl

Eng Motioun iwwer d’Aussetze vum Kooperatiounsaccord mat Israel gouf de Moien an der Chamber awer verworf. Den Yves Cruchten hat déi Motioun schonn am Abrëll als Reaktioun op déi israeelesch Militäraktiounen an de Palästinensergebidder deposéiert. 

Haut huet den LSAP-Deputéierten drun erënnert, datt d’Parlament am Oktober zejoert ewell eestëmmeg en deelweist Aussetze vum Associatiounsaccord mat Israel ënnerstëtzt hat.

"Den Artikel vun dem Accord ass kloer: De Respekt vun de Mënscherechter an de Respekt vun den demokratesche Prinzippien ass eng wesentlech Bedingung vun dësem Accord. Dat ass keng Dekoratioun, dat ass eng Verflichtung. A wann déi systematesch verletzt gëtt, muss d'Europäesch Unioun, jo, da mussen och mir reagéieren."

Lëtzebuerg sollt sech wéi och Spuenien, Irland a Slowenien um europäeschen Niveau fir eng Suspensioun vum Associatiounsaccord asetzen, esou nach de Sozialist.

Well sech dem Gilles Baum vun der DP no d’Regierung awer schonn an déi Richtung engagéiert hätt, sollt d’Motioun vum Yves Cruchten net ugeholl ginn: Um Enn gouf et dann och just 18 Stëmmen dofir, mat 34 dogéint, bei siwen Enthalungen.

play_arrow Lauschteren