De Mindestloun steet nees am Zentrum vun der politescher Agenda. Dat, well eng EU-Direktiv recommandéiert, datt de Mindestloun 60 Prozent vum Median-Salaire soll upeilen. Et handelt sech hei also net ëm d’Moyenne. Beim Median-Wäert ginn et genee esou vill Leit, déi méi verdéngen, wéi Leit, déi manner verdéngen.
Zwou verschidde Manéieren, de Mindestloun ze rechnen
Wann een dat op Lëtzebuerger Mindestloun iwwerdréit, da misst deen ëm 300 Euro de Mount ropgoen, esou d’Gewerkschaften.
D’Regierung mécht déi selwecht Rechnung, awer mat anere Wäerter. Si berechent de Medianloun op eng Manéier, wou beispillsweis den 13. Mount a soss Extrae fortfalen.
Där Rechnung no léich de Mindestloun scho bal bei 60 Prozent vum Medianloun.
Eng Direktiv mat sozialen Ambitiounen, esou de Patrick Dury
De Patrick Dury betount, datt d’Direktiv virun allem zwee Ziler huet: Verhënneren, datt d’Leit an Aarmut liewe mussen, an d’Cohésion sociale stäerken, fir datt d’Schéier tëschent Aarm a Räich net ze grouss gëtt.
“D’Direktiv gëtt eng Rei vun Elementer a Referenzen. Mir brauchen elo eng politesch Decisioun a keng comptable Approche.”
De Gewerkschafte géing et ëm déi Leit goen, déi fir déi klengste Paie schaffen, an d’Ekonomie vum Land um dréinen halen, seet de Patrick Dury am 100,7-Interview. “Déi Leit sollen och un deem Deel huelen, wat erschafft gëtt”, fuerdert de Gewerkschaftler.
"Pauschal Aussoe" vum Patronat wéilt een net méi hinhuelen
D’Argument vum Patronat, datt vill Entreprisë faillite kéinte goen, léisst den LCGB-President net gëllen. Dat kréich ee schonn zënter Jore gezielt.
“Ma da misst ee kucken, wéi d’Patrone funktionéieren. D’Restrukturatiounen op der Finanzplaz oder an der Industrie hunn näischt mat Mindestloun-Entwécklungen ze dinn.”
Fir d’Gewerkschafte sinn d’Intresse vun de Betriber zweetrangeg. Trotzdeem: Wann de Mindestloun strukturell ëm méi wéi 10 Prozent klamme géing, an dann nach ënner Ëmstänn zwou Indextranchen erfalen, da géif dat e Plus beim Mindestloun vu 15 Prozent bannent nëmmen e puer Méint bedeiten.
“Wann d’Patronat Problemer huet, da solle si Etüde maachen, wou si Problemer hunn, mee pauschal Aussoen akzeptéiere mir net méi.”
Approche vun der Regierung "inakzeptabel"
Et wier déi zweet Attack bannent kuerzer Zäit, seet de Patrick Dury. Déi éischt war natierlech d’Verhandlungen iwwer d’Kollektivverträg.
Et misst ee sec elo “ferm op d’Féiss stellen” a wieren, esou den LCGB-President. Hie gesäit d’Schold um Sozialdialog, dee scheitert, kloer bei der Regierung.
“Mir hunn hei am Land nach ëmmer zu Dräi Léisunge fonnt. Et ass komesch, datt et zënter dëser Regierung net méi méiglech ass. Si fiert eng Einbahnstrasse: Fraise rofsetzen a Beneficer ropsetzen. Dat ass fir eis inakzeptabel.”
Och de rezente KI-Dësch wier net méi wéi ee “Kaffiskränzche” gewiescht, bedauert de Patrick Dury.
Mobilisatiounscampagne "steet an d'Haus"
Wéi geet et elo virun am Dossier Mindestloun? Gëschter hunn d’Gewerkschafte scho gedreet, nees op d’Strooss ze goen. De Patrick Dury betount, datt d’Verhandlungen ëmmer am Mëttelpunkt vun hirer Aarbecht géinge stoen, mee datt een och fäeg wier, “anescht ze raisonéieren an ze reagéieren”.
Zesumme mam OGBL géing ee sech elo beroden, mee eng Mobilisatiounscampagne “géing an d’Haus stoen”, betount de Patrick Dury.
Den 1. Mee steet virun der Dier. Am Virfeld misst een d’Leit elo iwwer d’Faite vun dëser Diskussioun informéieren.
Minister Spautz muss Regierungspolitik maachen
De Minister Marc Spautz misst iwwerdeems déi Politik vertrieden, déi d’Regierung him virschreift.
Hien an de Marc Spautz wieren nach ëmmer “anstänneg” mateneen ëmgaang, seet de Patrick Dury. Hie wéilt och net an eng Situatioun kommen, wéi mat sengem Virgänger, dem Georges Mischo, wou et perséinlech Attacke gi sinn.
D'Diskussiounen elo wiere begrenzt op den Dossier, an net perséinlech, esou nach den LCGB-President.