Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

Réimech 

Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

Ab der nächster Rentrée wäerten an der Grondschoul zu Réimech d’Conditioune, fir Kanner aus anere Gemengen opzehuelen, däitlech méi streng ginn. Viru 14 Deeg huet de Gemengerot entscheet, datt Kanner déi auswäerts wunnen, just nach eng Plaz an enger Réimecher Schoul kréien, wann een Elterendeel zu Réimech schafft. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

D'Grondschoul zu Réimech. | © Christiane Kleer play_arrow
D'Grondschoul zu Réimech. (Foto: Christiane Kleer)

Viséiert si vun där Moossnam virun allem déi Familljen, déi an der däitscher Grenzregioun wunnen: D’Nopeschgemeng Schengen hëlt zënter der leschter Rentrée scho keng Kanner méi aus anere Gemengen op. Zu Réimech huet een elo gefaart, datt vill Lëtzebuerger Familljen déi an Däitschland wunnen, hir Kanner elo hätte wëllen zu Réimech aschreiwen. Dem DP-Buergermeeschter Jacques Sitz no, wieren d’Capacitéite vun der aktueller Infrastruktur elo scho maximal ausgereizt. 

Däitlech méi kleng Klassen

Wann elo Leit mat Kanner op Réimech géife plënneren, hätt d'Gemeng e risege Problem, sou de Buergermeeschter. Et géif da net méi mat de Plazen duer goen. Iwwerdeems géif et e grousse Mix an der Schoul ginn, dofir wieren och d'Klassen esou kleng. Zu Réimech hätt ee Klasse vun 12-13 Kanner an anere Gemenge géif et Klasse vun 22-24 Kanner ginn. 

An deenen nächsten 2-3 Joer hätt een en neit Gebai. 

 "Doduerch datt och nach déi franséisch Alphabetisatioun gemaach gëtt, muss een nach aner Säll zur Verfügung stellen. Doduerch, datt mir awer och relativ vill Kanner hunn, déi ee Besoine spécifique hunn, soen ech mir, muss ee kënne Säll zur Verfügung stellen. An d'Schoul wiisst net."

Ronn eng Dose Kanner aus dem däitsche Grenzgebitt wieren aktuell zu Réimech offiziell ageschriwwen, sou nach de Jacques Sitz. 

Et misst ee mat de Konsequenze liewen

Déi dierften hiert Schouljoer nach fäerdeg maachen, wann si d’Aschreiwungsconditiounen net erfëllen, missten si sech fir d’nächst Rentrée dann awer eng aner Schoul sichen. 

Hie géif verstoen, datt d'Leit wéinst der Logementsproblematik zu Lëtzebuerg, sech eng Wunneng déisäits der Grenz géife sichen, huet de Réimecher Buergermeeschter betount. Si missten dann awer och mat de Konsequenzen dovu liewen an hir Kanner dann och an deene Gemengen an d’Schoul ginn.

Lauschterenplay_arrow