arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënnt et zu weidere Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran?

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Kënnt et zu weidere Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran?

Nach ass net kloer, ob et eng zweet Verhandlungsronn tëschent den USA an dem Iran wäert ginn, fir en Enn vum Krich ze erreechen. A Pakistan war eng éischt Ronn no iwwer 20 Stonnen ouni Resultat op een Enn gaangen. Elo gëtt spekuléiert, datt zu Islamabad weider Verhandlunge kéinten organiséiert ginn.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
 Gespréicher tëschent USA an Iran zu Islamabad | © EPA/SOHAIL SHAHZAD
Gespréicher tëschent USA an Iran zu Islamabad (Foto: EPA/SOHAIL SHAHZAD)

Matten an dëse Spekulatiounen iwwer weider Verhandlungen tëschent den USA am dem Iran, reest de pakistanesche Premier elo fir véier Deeg an d’Vermëttlerstaaten.

Pakistan schafft u weidere Gespréicher

De Premierminister Shehbaz Sharif wäert a Saudi-Arabien, a Katar an an der Tierkei sinn, gouf aus Pakistan matgedeelt. Dës dräi Staate sinn an d’Vermëttlungen tëschent de Krichsparteien agebonnen.

Aus pakistanesche Kreesser heescht et, et géif een u weidere Vermëttlungsgespréicher tëschent den USA an dem Iran schaffen.

D’Rees vun e puer Deeg vum pakistanesche Premier schwätzt awer géint eng séier weider Verhandlungsronn zu Islamabad, notéiert d’Noriichtenagence DPA.

Donald Trump schwätzt iwwer weider Verhandlungen

Virdrun hat den US-President Undeitungen iwwer eng méiglech weider Verhandlungsronn am Konflikt gemaach. Zënter enger Woch  gëllt jo eng Wafferou, déi 14 Deeg laang soll daueren. A Pakistan kéint an den nächsten zwee Deeg eppes geschéien, hat den Donald Trump der Zeitung "New York Post" ouni weider Detailer gesot.

Dem US-Sender FOX NEWS hat den US-President gesot, hie géif gleewen, datt de Krich am Iran bal eriwwer wier.

play_arrow Lauschteren