arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kierperlech a sexuell Gewalt a Frankräich klëmmt - Meescht Fäll a familiärem Ëmfeld

Frankräich

|
headphones

1 min

Kierperlech a sexuell Gewalt a Frankräich klëmmt - Meescht Fäll a familiärem Ëmfeld

A Frankräich ass d‘Zuel vu registréierte Fäll vu kierperlecher a sexueller Gewalt d‘lescht Joer ëm fënnef respektiv ëm aacht Prozent geklommen. 2025 huet déi franséich Police 473.000 Affer vu kierperlecher Gewalt registréiert, dovu ware 24 Prozent mannerjäreg.

headphones

1 min

Symbolbild - Schung mat rouder Faar fir op Affer vu Gewalt opmierksam ze maachen | © picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin
Symbolbild - Schung mat rouder Faar fir op Affer vu Gewalt opmierksam ze maachen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin)

Bei der sexueller Gewalt goufen et méi wéi 132.000 Affer. Dovunner ware bal 60 Prozent mannerjäreg.

Méi wéi d‘Hallschent vun de Fäll vu kierperlecher Gewalt kommen an engem familiären Ëmfeld vir. De Gros dovun ass haislech Gewalt. D‘Affer si majoritär Fraen an d‘Täter sinn an iwwer 80 Prozent Männer.