Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zënter 2004: Klimawandel ass mat responsabel fir den Doud vun iwwer 500.000 Leit

Etüd vun der World Weather Attribution

Zënter 2004: Klimawandel ass mat responsabel fir den Doud vun iwwer 500.000 Leit

570.000 Mënsche sinn an de leschten 20 Joer wéinst extreme Wiederevenementer ëm d’Liewe komm. Ouni Klimawandel hätt et manner Affer ginn. Dat weist en neie Rapport vu World Weather Attribution. D‘Organisatioun huet doran déi 10 déidlechst Wiederevementer zënter 2004 analyséiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: 24Novembers

Extrem Wiederevenementer ginn et ëmmer méi heefeg an ëmmer méi intensiv a si betreffe Mënsche weltwäit. De Rapport vun der WWA stellt kloer, datt de Klimawandel dofir verantwortlech ass.

Fuerscher:inne hunn dräi Wirbelstierm am Indopazifik, véier Hëtztwellen an Europa, zwee Staarkreenevenementer an eng Dréchent an Afrika analyséiert. Et fält op, datt véier vun 10 Evenementer mat de meeschten Doudesaffer an Europa waren.

Extrem Wiedereventer, déi an d'Analys mat agefloss sinn. | © World Weather Attribution
Extrem Wiedereventer, déi an d'Analys mat agefloss sinn. (Foto: World Weather Attribution)

D’Analys vun deenen 10 déidlechste Wiederkatastrophen an de leschten 20 Joer weist, datt d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer Katastrophe wéi Tornadoen, Hëtztwellen an Iwwerschwemmungen duerch Staarkreen net nëmme méi warscheinlech mécht, mee och méi intensiv. Déi aktuell Äerderwiermung vun 1,3 Grad hätt scho gravéierend Auswierkungen.

De Rapport warnt op en Neits virdrun, wann d’Mënschen hir Emissiounen net massiv géife reduzéieren, datt d’Äerd bis Enn dës Joerhonnerts ëm dräi Grad méi waarm wäert ginn, an domat déi extrem Wiederevenementer ëmmer méi schlëmm wäerte ginn.

D’Fuerscher:inne weisen, datt de Klimawandel iwwerall op der Welt Konsequenze mat sech bréngt an all Land betrëfft. Fir esou eng Conclusioun kënnen ze huelen, vergläichen d’Fuerscher:innen déi aktuell reell Wiederdonnéeë mat enger Simulatioun ouni global Äerderwiermung. Mat deenen Ënnerscheeder kann da gewise ginn, wéi de Klimawandel fir déi extreem Wiederevenementer verantwortlech ass.

Lauschterenplay_arrow