arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Koalitioun vun de Wëllege" plangt nächst Schrëtt fir d'Ukrain

Krich an der Ukrain

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

"Koalitioun vun de Wëllege" plangt nächst Schrëtt fir d'Ukrain

Um Méindegowend koumen zu Paräis op Invitatioun vum President Emmanuel Macron Regierungsvertrieder:innen aus 37 Natiounen zesummen, déi déi sougenannt "Koalitioun vun de Wëllege" forméieren an d'Ukrain ënnerstëtzen. Och Lëtzebuerg war duerch de Premier Luc Frieden vertrueden.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Wolodymyr Selenskyj an den Emmanuel Macron op der Pressekonferenz vun der "Coalition of the Willing" den 13. Juli 2026  | © EPA/TERESA SUAREZ / POOL
De Wolodymyr Selenskyj an den Emmanuel Macron op der Pressekonferenz vun der "Coalition of the Willing" den 13. Juli 2026 (Foto: EPA/TERESA SUAREZ / POOL)

D'Koalitioun huet déi nächst Schrëtt geplangt, fir herno de Fridden an der Ukrain ze garantéieren.

No der Reunioun, un där ënner anerem den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, den däitsche Kanzler Friedrich Merz an och de brittesche Premier Keir Starmer deelgeholl hunn, huet ee sech zefridde gewise mat de Resultater.

Nei Koalitioun fir Loftverteidegung

Néng europäesch Länner an d'Ukrain hunn zum Beispill eng Koalitioun forméiert, fir méi defensiv antiballistesch Kapazitéiten an Europa ze entwéckelen. De Wolodymyr Selenskyj sot, jee méi Mëttel d'Ukrain hätt fir russesch Rakéiten ofzewieren, desto gréisser d'Chance, datt de russesche President Wladimir Putin sech op Friddensverhandlungen aléisst.

Den Emmanuel Macron huet och annoncéiert, datt een an de leschte Méint intensiv un der Planifikatioun fir Friddenstruppe geschafft huet, déi agesat solle ginn, wann de Fridde geséchert ass. An den nächste Méint sollen dës schonn an den Nopeschlänner vun der Ukrain Trainingsmanöveren absolvéieren.

Friddenstruppen a Rafale-Kampffligeren

Iwwerdeems huet de franséische President och ugekënnegt, datt Frankräich an d'Ukrain eng Feuille de route ënnerzeechent hunn, déi virgesäit, datt d'Ukrain ënner anerem 16 franséisch Kampffligere vum Typ Rafale keeft, déi fréistens 2028 zum Asaz komme sollen. De Sommet gëschter war fir de Macron och en Zeeche vum europäeschen "réveil stratégique". Scho bei senger traditioneller Usproch un d'Militär gëschter um Dag virun Nationalfeierdag sot hien, et kéint een d'Verteidegung nëmmen europäesch denken.

Haut huelen dann och 500 Zaldoten aus de Länner vun der Koalitioun vun de Wëllegen un der Militärparad op de Champs-Elysées deel.

play_arrow Lauschteren