arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommunalwalen an Nordrhein-Westfalen: CDU stäerkste Kraaft

Däitschland

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Kommunalwalen an Nordrhein-Westfalen: CDU stäerkste Kraaft

Déi konservativ CDU ass bei de Kommunalwalen an Nordrhein-Westfalen stäerkste Kraaft ginn. D’Partei vum Kanzler Friedrich Merz koum um Sonndeg op 34 Prozent vun de Stëmmen. Am bevëlkerungsräichsten däitsche Bundesland ware bal 14 Millioune Leit opgeruff, hir Stëmmen ofzeginn.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Walplakater zu Köln | © picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
Walplakater zu Köln (Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

Wann am gréissten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen gewielt gëtt, dann ass dat och ëmmer e Stëmmungstest fir de Rescht vun der Bundesrepublik. Datt d’CDU stäerkste Kraaft a Nordrhein-Westfalen ginn ass, spigelt zwar déi bundeswäit Sondagen erëm. Genee wéi d’SPD, déi mat ronn 22 Prozent dat zweetbescht Resultat gemaach huet, läit d’CDU awer däitlech iwwer hire bundeswäite Wäerter.

Nordrhein-Westfalen dat bevëlkerungsräichst Bundesland

Grousse Gewënner am Verglach zu de leschte Wale vun 2020 war déi rietsnational, an an Deeler rietsextrem, AfD. Si huet iwwer 11 Prozent zougeluecht a kënnt elo op ronn 16,5 Prozent vun de Stëmmen. Ofgestierzt si par contre de Bündnis 90/Die Grünen, si komme just nach op 11,5 Prozent.

Nordrhein-Westfalen ass mat iwwer 18 Milliounen Awunner:innen dat bevëlkerungsräichst Bundesland an Däitschland. D’Land huet bal 400 Stied a Gemengen. An 170 dovu wäerten elo Buergermeeschter:inne vun der CDU regéieren. D’SPD wäert der wuel ronn 80 stellen. 16 Buergermeeschterinnen a Buergermeeschter komme vum Bündnis 90/Die Grünen. D’AfD stellt, trotz hirem bis elo beschte Resultat a Nordrhein-Westfalen, kee Buergermeeschter. 

play_arrow Lauschteren