Mam Bilan vun deem System, dee 7 Joer besteet, ass den CSV-Ëmweltminister ganz zefridden. Den Delai dovun, deen am September dëst Joer géif auslafen, misst awer verlängert ginn, seet de Minister Serge Wilmes.
“Dat, wat eis Matbiergerinnen a Matbierger a Form vu Bauprojeten, wou si Natur hu missen dann zerstéieren, ass largement vum Staat, konnten iwwer déi leschte siwe Jore kompenséiert ginn, bis op eng Ausnam am Süden, wou mir an engem liichten Defizit sinn, wou mir elo bis zum Schluss och versicht hunn, nach drun ze schaffen, datt mir géifen an e Plus do kommen."
An de leschte Joren hätt ee vill Efforte gemaach, esou de Serge Wilmes, fir nach weider Terrainen ze kafen, besonnesch am Süde vum Land, "datt mir kéinte probéieren, den 9. September déi Deadline anzehalen, datt mir an engem Plus do sinn", huet den CSV-Minister erkläert.
Dat wier engem knapps net gelongen. Dofir ass nach ee Gesetzesprojet deposéiert ginn, fir eng Verlängerung vun deem Delai anzeféieren. Den neien Delai soll dann elo bis 2033 lafen. En entspriechenden Projet de Loi gouf vum Ëmweltminister agereecht.
Et soll dann och nach eng Aarbechtsgrupp zesumme mat Vertrieder vu Logement, Inneministère an Ëmweltorganisatioune gegrënnt ginn, fir ze kucken, wéi ee genuch baue kann, ouni domat der Natur ze vill ze schueden.