arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kontroll-Autoritéit getäuscht: Geldstrof vun 12 Milliounen € fir US-Bank J.P. Morgan

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Kontroll-Autoritéit getäuscht: Geldstrof vun 12 Milliounen € fir US-Bank J.P. Morgan

D’Banken-Iwwerwaachung vun der Europäescher Zentralbank huet eng Geldstrof vun iwwer 12 Milliounen Euro géint déi amerikanesch Bank J.P. Morgan decidéiert. De Grond dofir wiere falsch Informatiounen iwwer Kapital-Ufuerderungen, dat huet d’EZB zu Frankfurt matgedeelt.

headphones

1 min

JP Morgan Chase & Co | © EPA/Peter Foley
JP Morgan Chase & Co (Foto: EPA/Peter Foley)

D’Bank hätt tëschent 2019 an 2024 ze niddreg Zuelen iwwermëttelt. Doduerch hätt J.P. Morgan verhënnert, datt d’Iwwerwaachungs-Autoritéit e kompletten Iwwerbléck iwwer de Risikoprofil vun der Bank kritt.