Geschriwwe vum Lori Dauphin
U sech sollte Präisiwwerreechungen ee positive Moment sinn, an deem kënschtleresch Leeschtungen honoréiert ginn. Iwwer der drëtter Editioun vun de Lëtzebuerger Bünepräisser houng dëst Joer awer eng gro Wollek. Am Vierdergrond stounge leider net d'Kënschtler an d'Kënschtlerinnen, déi et op d'Shortlëscht gepackt hunn, mee éischter d'Kritik, déi vis-à-vis vum Präis geäussert gouf. An dat souguer aus de Reie vun der Jury selwer. Mee wat ass geschitt?
Blécke mir op Juli 2025 zeréck. D'Jury fir d'Lëtzebuerger Bünepräisser ass Enn vun deem Mount vum Kulturministère arrêtéiert ginn. Och, wann d'Jurysmembere scho méi fréi Bescheed wossten, wier et, esou den Ex-Jurysmember Marc Baum, net méiglech gewiescht, ënner deenen zäitlechen a materielle Bedéngungen d'Jurysaarbecht adequat ze maachen.
Ufanks August ass hien aus der Jury ausgetrueden. De Fait, datt hien iwwerhaapt an der Jury war, ass och net onëmstridden. Als Schauspiller war hien am Zäitraum September 2023 bis September 2025 a verschiddene Produktiounen dran, déi potenziell hätte kënnen op d'Shortlëscht kommen, wat deen Ament zu engem Interessenskonflikt geféiert hätt. Dozou de Marc Baum:
“Jo, mee déi Bedenken, dat ass effektiv ganz schwiereg, well wann ee Leit aus dem Secteur hëlt, bass de quasi direkt bei Interessenskonflikter, well plus ou moins jiddwereen, deen am Theaterberäich iergendwéi schafft, ganz séier an en Interessenskonflikt komme kann.”
D'Objektivitéit vun der Jury a Fro gestallt
Wien duerch seng reell Interessenskonflikter ënner Drock geroden ass, ass de Jérôme Konen, Direkter vum Mamer Kinneksbond. Säin Haus ass an all Kategorie, fir déi et eng Shortlëscht gëtt, mat op d'mannst enger Produktioun oder Koproduktioun ze fannen. Fir Objektivitéit a Fairness kënnen ze garantéieren, wäert hien an deene Kategorien, déi säin Haus direkt concernéieren, net ofstëmmen, esou de Jérôme Konen géigeniwwer vum Luxemburger Wort. Iwwerdeems hätt hie sech net um Nominéierungsprozess bedeelegt.
Natierlech konnt een net am Viraus wëssen, datt esou en Interessenskonflikt géif entstoen, mee et ass gläichzäiteg awer och keng Iwwerraschung. Obschonns et zu Lëtzebuerg aner Experten an Expertinne ginn, déi der Aarbecht vun enger Jury géinge gerecht ginn, wéilt een an Zukunft net op Direktiounsmembere vun Theater- a Kulturhaiser fir d‘Jury verzichten. Esou de Carl Adalsteinsson, Premier Conseiller am Kulturministère:
“Fir d’Jury kuckt een Expertinnen an Experten ze bestellen, déi sech mam Danz a mam Theater gutt auskennen, sief dat Leit mat enger héijer Expertis an deem Beräich. An do gehéieren Direkteschen an Direktere vun eisen Theateren a Kulturhaiser definitiv och dozou.”
Kritik um Auswielprozess
Dëst Joer huet sech den Auswielprozess vu Produktioune fir op d’Shortlëscht an zwou Etappen ofgespillt. Am éischten Tour hunn Acteuren aus der Kulturzeen hir Favoritten erageschéckt. Dat mat relativ kuerzfristegen Delaien. E Problem gesäit de Ian De Toffoli, Schrëftsteller a Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband ALL, konkreet bei den Nominateuren.
“Wann déi Acteuren do hir Favoritten eraschécken, dann ass do schonn e bëssen en Ongläichgewiicht ze fannen. Mir hunn eeben och zu Lëtzebuerg net onbedéngt vill Theaterkompanien, well déi oft mat engem Theater selwer zesummeschaffen als Produktiounshaus, wärend mir ganz vill Danzkompanien hunn.”
Dozou de Carl Adalsteinsson.
“Ech mengen et waren eng iwwer 90 Nominateuren, déi ugeschriwwe goufe fir e Vott ofzeginn. Déi Nominateure besti jo net nëmmen aus Danzkompanien, mee aus engem ganz breede Panel vu Leit, déi an der Kultur schaffen, vu Leit, déi d'Kultur beobachten, vu Leit, déi hanner der Bün, op der Bün schaffen. Dat heescht, et muss ee soen, datt dee Gesamtpanel vun Nominateuren awer ganz divers opgestallt war, soudatt een net ka soen, datt do en Ongläichgewiichtsrisiko war.”
Vum Text keng Spuer
Besonnesch d'Kategorie "Op der Bün" gouf kritiséiert, an där Text mat Regie, Choreografie a Konzept verglach gëtt. Op der Shortlëscht stinn dëst Joer véier Kreatiounen aus dem Beräich vun der Choreografie an eng Mise en Scène. Ee Gläichgewiicht tëschent deene verschiddene kënschtleresche Sparten hätt et dëst Joer - esou wéi déi Jore virdrun - net ginn, esou de Ian De Toffoli.
Dat huet och de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband ALL an hirem Communiqué vum 21. August kritiséiert. De Stellewäert vum Text wier vill ze niddereg beim Bünepräis, well et ouni Text iwwerhaapt keng Opféierung géing ginn. Dëst Joer ass awer net déi éischte Kéier, datt de Verband Stellung zum Bünepräis geholl huet.
Muss et also zu enger Reform vun de Kategorie selwer kommen, fir de Problem ze léisen? A wéi geet et elo weider fir d’Bünepräisser 2027?