arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Konventioun tëschent Stad Esch a frEsch bis Enn des Joers erneiert

Bâtiment 4 

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Konventioun tëschent Stad Esch a frEsch bis Enn des Joers erneiert

D’Konventioun ass mat 11 Jo-Stëmmen an 8 Nee-Stëmmen an der Gemengerotssëtzung ugeholl ginn. FrEsch steet zënter leschtem Joer ënner Kritik, wéinst Ongereimtheete bei de Finanzen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Bâtiment 4 | © Instagram Richtung22
Bâtiment 4 (Foto: Instagram Richtung22)

Déi lescht Woche koum dobäi, datt d’ASBL Richtung 22 wëllt aus Bâtiment 4 erausgeheien. De Kontrakt vu Richtung 22 war net erneiert ginn, obwuel nach eng Konventioun tëschent dem Kollektiv an der frEsch asbl besteet.

Elo soll d’Gouvernance vu frEsch iwwert de Wee vun enger neier Konventioun nei opgestallt ginn. Deen Text, dee schonn an der Press ugekënnegt gi war, huet den DP-Kultur-Schäffe Pim Knaff, dee selwer President a Grënner vu FrEsch ass, de um Freidegmoie presentéiert.

“A fir awer eng bescht méiglech Transparenz ze garantéieren, fir eng Kontroll dem Gemengerot ze iwwerginn och iwwert d'Kontë vun der FrEsch-ASBL, géif e Comité d'accompagnement gemaach ginn. Déi hu ganz grouss Pouvoiren a puncto Informatioun, a puncto Kontroll vun den de Bicher, a puncto Kontroll vun den Depensen. An ech mengen dat ass och esou wäit, wéi de Gemengerot sech kann an d'Fonctionnement vun enger ASBL emixéieren.”

 Nieft dem neie Comité, ass an der Konventioun eng finanziell Transparenzklausel bäigefüügt ginn. D’Klausel verlaangt eng detailléiert Konteféierung, déi dem Gemengerot muss rapportéiert ginn. Weider huet de Schäffe Pim Knaff d’Fro opgeworf, ob de Bâtiment 4 net sollt an Zukunft vun der Gemeng geréiert ginn.

play_arrow Lauschteren