Moskau hätt schonn an de leschten Deeg Menacen héieren, iwwert d’Aféierung vun neie Sanktiounen, wa Russland net séier enger Wafferou an der Ukrain zoustëmmt, huet de Spriecher vum Kreml kritiséiert. Esou eng Sprooch vun Ultimatume wier fir Russland net acceptabel, esou de Dmitri Peskow.
De Spriecher huet sech net dozou geäussert, ob de President Wladimir Putin sech perséinlech mam ukrainesche President zu Istanbul wäert treffen.
De Putin hat direkt Verhandlungen tëschent Moskau a Kiew proposéiert. De Wolodymyr Selenskyj hat duerno erkläert, hie géif een Donneschdeg zu Istanbul op de Putin waarden.