arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um CSV-DP-Aarmutsplang: "Krank mécht aarm an aarm mécht krank"

Chamber

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Kritik um CSV-DP-Aarmutsplang: "Krank mécht aarm an aarm mécht krank"

Den Aarmutsplang, deen d'Regierung zejoert presentéiert huet, géif net op de Lien tëschent Aarmut a Gesondheet agoen, esou d'Kritik vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard. D'Suergekand och a Punkto Aarmutsrisiko wier de Risk vu Working poor an de Logement, esou de Constat an der Chamber.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Déi neisten Zuele vum STATEC géifen zwar weisen, datt den Aarmutstaux zejoert vun 18 op 14 Prozent erofgaange wier, esou d’Djuna Bernard gëschter an der Chamber.

Opfälleg wier awer, datt den Taux bei de Monoparentalle vun 31,8 Prozent 2024 op 40 Prozent 2025 geklomme wier.

"An dat trotz dem vill gelueften erhéichte Credit d’impot monoparental vun dëser Regierung."

Den DP-Familljeminister erkläert dat domat, datt den Echantillon relativ kleng wier, an dofir Verännerunge vun eenzele finanzielle Situatioune statistesch séier an d’Gewiicht falen.

Kannergeld soll an d'Luucht gesat ginn

Hien huet drun erënnert, datt d’Regierung decidéiert huet d’Kannergeld ze erhéijen.

"Mir wäerte grad dofir suergen, datt mir d'Kannergeld substanziell an d'Luucht setzen an den 1. Januar d'nächst Joer 45 Euro pro Kand pro Mount ënner zwielef Joer, 60 Euro pro Mount fir Kanner iwwer zwielef Joer."

Een anere Constat an der Chamber war, datt Sans-abrie guer net am PAN géint d’Aarmut virkommen. Grad fir dës "spezifesch Populatioun vum Sans-abrissme" géif d’Regierung bis Enn dës Jores ee separaten Aktiounsplang op de Wee bréngen, esou de Max Hahn. 

play_arrow Lauschteren