Radioen

On air

Concert  |  Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

play_arrow Live
search

/ Kritik vun der LSAP: Lëtzebuerg misst sech kloer positionéieren

Krich am Noen Osten

Kritik vun der LSAP: Lëtzebuerg misst sech kloer positionéieren

D’Positioun vum Grand-Duché a Saachen Unerkennung vum palästinensesche Staat wier nach ëmmer net kloer. Aner Länner wieren do méi wäit, bedauert den aussepolitesche Spriecher vun der LSAP, Yves Cruchten. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

V.l.n.r.: Franz Fayot, Taina Bofferding, Yves Cruchten | © Michelle Barthel play_arrow
V.l.n.r.: Franz Fayot, Taina Bofferding, Yves Cruchten (Foto: Michelle Barthel)

Den Ament géif souwuel d’EU ewéi och Lëtzebuerg beim Konflikt am Noen Osten nëmmen nokucken. Bei de Reese vum Ausseminister Xavier Bettel wier bis ewell weder politesch nach reell eppes dobäi raus koum, esou d’Kritik vum Yves Cruchten.  

"D’ganz EU an domat och Lëtzebuerg mécht sech mat schëlleg, wa mir hei nëmmen nokucken." 

Lëtzebuerg hät sech anere Länner kënnen uschléissen

Bei enger Konferenz vun de Vereente Natiounen am Juni zu New York wéilt Frankräich sech, zesumme mat Saudi-Arabien, fir eng Unerkennung vun engem palästinensche Staat ausschwätzen. Lëtzebuerg wäert bei dëser Konferenz och dobäi sinn. Fir d’Regierung nach eemol zu enger kloerer Stellungsnam opzefuerderen huet d’LSAP ugefrot fir d’Theema op een Neits op den Ordre du jour vun der Chamber ze bréngen, erkläert den Yves Cruchten.

Wéi virun engem Joer eng Rei Länner, dorënner Spuenien, Slowenien, Malta an Armenien, de Palästinensche Staat unerkannt huet, hät Lëtzebuerg sech scho kënnen uschléissen.

"Lëtzebuerg huet dat bewosst net gemaach, obwuel mer an der Chamber Debatten haten an d'Regierung dozou opgefuerdert hunn, huet d'Lëtzebuerger Regierung dat net wollte maachen, mat dem Argument, dat wär jo just Symbolpolitik. Abee, an der Aussepolitik ass ganz vill Symbolpolitik an d'Symbolpolitik ass och wichteg.”

Handelspolitik mat Israel miss a Fro gestallt ginn

Iwwerdeems misst d’Regierung déi eegen Handels- a Wirtschaftspolitik mat Israel, engem Land dat kloer géint Krichsrecht géif verstoussen, a Fro stellen, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

Aus dem Ausseministère huet et d'lescht Woch op eis Nofro hi geheescht, datt d’Regierung déi rezent Entwécklungen am Dossier géif evaluéieren an op méi Detailler, wat déi geplangte Konferenz am Juni zu New York ugeet, géif waarden.

Lauschterenplay_arrow