arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kuerz no der Waldefaite huet a Schweden den aktuelle Premier demissionéiert

Politik

|
reading time

1 min

Kuerz no der Waldefaite huet a Schweden den aktuelle Premier demissionéiert

A Schweden huet de konservative Premierminister Ulf Kristersson no senger Néierlag bei de Parlamentswalen e Sonndeg demissionéiert. D‘Oppositioun ronderëm déi fréier sozialdemokratesch Regierungscheffin Magdalena Andersson hat déi meeschte Stëmme kritt.

reading time

1 min

© EPA/ANDERS WIKLUND SWEDEN OUT
(Foto: EPA/ANDERS WIKLUND SWEDEN OUT)

Déi véier Lénks-Parteien hunn eng knapp Majoritéit am Parlament zu Stockholm kritt.Déi konservativ Regierung vu bis elo, déi eng Koalitioun mat de rietspopulistesche Schwedendemokraten forméiert huet, huet keng Majoritéit méi kritt. 

Awer och fir d‘Sozialdemokratin Andersson zeechnen sech schwéier Koalitiounsverhandlungen un. Si ass op déi Lénk, déi Gréng an déi liberal Zentrumspartei ugewisen.