arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturminister steet weiderhin hanner der CNA-Direktioun, et géifen awer Defië ginn

Kultur

|
headphones

1 min

Kulturminister steet weiderhin hanner der CNA-Direktioun, et géifen awer Defië ginn

No der Kulturskommissioun an der Chamber sot den Eric Thill, hie wéilt de Suivi ofwaarde vum Comité d’accompagnement, deen den Direkter begleet. Dee Comité wier lo en place fir beim Moderniséierungsprozess vum CNA ze hëllefen.

headphones

1 min

Centre national de l'audiovisuel | © CNA
Centre national de l'audiovisuel (Foto: CNA)

De Kulturminister huet unerkannt, dass et verschidden Défie ginn, déi den CNA muss ugoen. Déi wieren souwuel finanzieller, infrastruktuller wéi och personeller Natur.

Bis ewell just zwou demandes de protection 

Gläichzäiteg huet de Minister betount, dass bis ewell just zwou offiziell demande de protections beim Kulturministère agereecht goufen vu Leit déi beim CNA schaffen an sech net gerecht behandelt gefillt hunn. An der Press war an de leschten Deeg vu méi Fäll Rieds. Dem Minister sot him wieren awer just zwee offiziell Fäll bekannt.

"Déi huele mer eescht. Et ass elo nach eng Kéier un där Commission d'accompagnement fir op déi dote Sujeten anzegoen, wa vu Leit Interessi do ass."

Wann et géife Leit ginn, déi ongerecht behandelt gi wieren a wéilten driwwer schwätzen, da géif een dat eescht huelen, esou de Minister. 

"Dann ass et elo un deene Leit sech ze mellen, fir dann iwwer déi Commission d'accompagnement doriwwer ze schwätzen, ze informéieren an da mir als Minister och Fakten op den Dësch ze leeën." 

Am Februar waren ëffentlech Virwërf formuléiert ginn, déi dem CNA intern Dysfonctionnementer an en toxescht Aarbechtsklima ënnerstallt hunn.