arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Kulturpass ASBL Cultur’all: Lëtzebuerger Kultur soll fir jiddereen accessibel sinn

Kultur

|
headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

Kulturpass ASBL Cultur’all: Lëtzebuerger Kultur soll fir jiddereen accessibel sinn

Zënter 15 Joer gëtt et de Kulturpass zu Lëtzebuerg vun der lëtzebuergescher ASBL Cultur’all ausgestallt. Mat deem Pass kann ee beispillsweis gratis an de Musée goen. Mee wat kann een nach mat deem Pass maachen a wien huet eigentlech alles Accès op dësen?

headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

Mam Kulturpass kënnt ee fir näischt an all Musée am Land eran, erkläert d’Marianne David, déi Responsabel fir Kommunikatioun an Administratioun/Gestioun vu Cultur’all am 100,7-Interview. Gläichzäiteg huet een duerch de Pass och d’Méiglechkeet, fir 1,50 Euro op all Concerten ze goen an all Virféierungen am Theater ze besichen, déi an engem ëffentleche Kulturhaus ugebuede ginn.

Fir wien ass de Kulturpass?

Eng prekär finanziell Situatioun wier nach ëmmer ee vun den Haaptkrittäre fir als eligibel fir de Kulturpass ze gëllen. Dorënner falen alleguerten déi Leit, déi vum Fonds National de Solidarité eng sougenannten Allocation de vie chère, Prime énergie oder e REVIS (Revenu d’inclusion sociale) ausbezuelt kréien.

Och Leit, déi ee Revenue pour personnes gravement handicapées kréien, hu Recht op d’Acquisitioun vum Pass. Schüler a Schülerinnen an de Lycéeën, déi eng Hëllef vum Educatiounsministère offréiert kréien, kënnen de Kulturpass iwwer de CEPAS (Centre Psycho-Social et d’Accompagnement Scolaires) ufroen a Studenten a Studentinnen op der Uni Lëtzebuerg, déi eng Hëllef vun der Uni kréien, hunn och Recht op de Pass.

Och all déi Leit, déi aus hirem Heemechtsland geflücht sinn an eng Protection temporaire hei am Land accordéiert kritt hunn, kënnen op de Kulturpass zougräifen. An zu gudder Lescht kënnen och d’Volontären an d’Au-pairen iwwer den SNJ e Pass ufroen.

115 kulturell Partner

Partner vum Kulturpass sinn déi bekannt Kulturhaiser, an awer och déi regional Kulturzentren, wéi de CAPE (Centre des Arts Pluriels Ettlebruck), de Cube 521 zu Maarnech, den TRIFOLION zu Iechternach an de soziokulturelle Kulturzentrum Prabbeli zu Wolz.

Esou gehéieren nieft de Concerten an den Ausstellungen an de Muséeën och Virstellungen am Kino mat an d’Gamm vum Kulturpass, seet d’Marianne David. Och zwou privat Institutiounen si mat vun der Partie: Den Atelier an de Gudde Wëllen.

"Mir hunn 115 kulturell Partner, déi also mat dem Kulturpass-Projet e Partenariat ënnerschriwwen hunn. Do sinn all déi grouss Acteuren derbäi, wéi d'Philharmonie, den Theater vun der Ville de Luxembourg oder och deen zu Esch."

D’ASBL schafft mat all senge Partneren eenzel aus, wéi vill Ticketen dës fir d’Leit mam Kulturpass reservéieren. Wéi vill Plaze reservéiert ginn, géif natierlech vun de jeeweilege Capacitéite vun de Kulturhaiser ofhängeg sinn. Nieft dem Déngscht fir d’Gesellschaft wéilten d’Kulturhaiser d’Accessibilitéit zur Kultur esou breet wéi méiglech gestalten, fir och méi Leit kënnen unzelackelen an där hiren Interessi an d’Kultur waakreg ze maachen, seet déi Responsabel vu Cultur’all.

Méi Leit erreechen

Am Joer 2024 hu 5.500 Leit de Kulturpass kritt, seet d’Marianne David. Vue datt de Pass 2 Joer gülteg ass, sinn et am Moment zesummegerechent ronn 11.000 Leit, déi e gültege Pass hunn. De Pass soll am leschte Joer och 11.400 Mol benotzt gi sinn. D’ASBL wéilt nach méi Leit erreechen. 

"D'Zilgrupp ass enorm grouss. Et ass net einfach, fir d'Informatioun, wat ee mam Kulturpass ka maachen, un d'Leit ze kréien. (...) dëst Joer stelle mir eis Kommunikatioun ëm a mir gi méi op de Wee, fir de Leit wierklech ze soen, wou si hire Kulturpass benotze kënnen. Ab deem Moment, wou si hire Kulturpass siche ginn, kréie si eng Pochette dobäi mat Flyeren dran, pro Kategorie, wat si ebe kënne maachen."

Et wier och net ëmmer einfach fir d’Leit, sech dozou ze iwwerwannen, de Kulturpass unzefroen, erkläert d’Marianne David. Gefiller vu Schimmt géifen dacks dozou féieren, dat ee sech net traue géif de Pass och ze notzen, well ee fäert ofgestempelt ze ginn, wann ee mam Pass bezuele géif.

Eng nei Iddi: De Sportpass

Een aneren Erfolleg awer vum Kulturpass wier d’Kooperatioun mat der Gemeng Esch gewiescht. Do géif et de Pass nämlech och erlabe fir schwammen ze goen. Ronn 14.000 Entréeë goufen 2024 an der Schwämm zu Esch registréiert. 

D'DP-Deputéiert a fréier Tennisspillerin Mandy Minella hat an der Lescht och d’Propos gemaach, fir e Sportpass nom Modell vum Kulturpass ze lancéieren. D’ASBL Cultur’all fënnt dëst eng gutt Iddi an d’Organisatioun hätt d’Mandy Minella och scho kontaktéiert, fir iwwer d’Méiglechkeet vun engem Kulturpass ze diskutéieren, deen den Accès zur Kultur an zum Sport erméiglecht, seet d’Marianne David. Souzesoen e Kombi-Ticket.

play_arrow Lauschteren