Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
search

/ LCGB: Risiko, datt Liberty Steel faillite geet ass grouss

Salairen a Creanciere waarden op hir Suen

LCGB: Risiko, datt Liberty Steel faillite geet ass grouss

D’Salairë si fir de Mount Oktober nach net bezuelt ginn, seet de Robert Fornieri.  Doropshi wier eng Opfuerderung agereecht ginn, d’Salairen an den nächste 5 Deeg ze bezuelen.

auto_stories

1 min

Wann dëst net sollt agehale ginn, steet Liberty Steel e Geriichtsprozess bevir. Onbezuelte Salairë wieren net déi eenzeg Suerg vum Diddelenger Stolwierk, esou de Robert Fornieri

Et géifen nämlech och Creancieren op hir Sue waarden, genee wéi de Staat, d‘Securité Sociale, de Steierbüro an d‘Banken.

Op hir Pai vum August missten d’Salariéë scho bis Enn September waarden. Wat fir Konsequenzen e Geriichtsprozess kéint mat sech zéien ass nach net gewosst.