Een Dag no der offizieller Presentatioun vum nationale Jugendbericht huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) déi zoustänneg Chamberkommissioun iwwer d’Resultater vum Rapport informéiert.
Eng vun den Haaptaussoe war do: déi sozial Medie prägen den Alldag vun de Jonken ëmmer méi. An deem Zesummenhang hat de Minister gëschter och nees ee Verbuet vu soziale Medien erwäänt.
CSV-Fraktioun: méi streng Reglementatioun
Wat eng méi streng Reglementatioun fir d’Notze vun de Reseauen ugeet, do ware sech d’Deputéiert awer net eens.
D’Onlinewelt an d’Offlinewelt wieren hautzudaags quasi net méi vuneneen ze trennen. A fir do eng méi gesond Balance virun allem fir déi Jonk ze fannen, géif een net laanscht eng méi streng Reglementatioun kommen, mengt den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.
“Ee Jonke fënnt sech net esou richteg rëm, mee probéiert mol. Mee andeems e probéiert, huet en am Fong keng Chance géint den Algorithmus. Déi Jonk soe selwer, an et ass am Jugendbericht ganz kloer, datt déi ganz Jonk keng Chance géint d'Algorithmen hunn, well se do net wëssen, wéi se sech solle schützen.”
LSAP-Fraktioun: sozial Medien fir ganz Jonker verbidden
Änlech gesäit et d’LSAP-Fraktioun. De Ben Polidori an d’Francine Closener hate scho virun e puer Wochen eng Gesetzespropose agereecht, déi bis den Alter vun 13 Joer ee komplette Verbuet, an tëschent 13 an 16 Joer eng méi kloer Regulatioun fir déi sozial Netzwierker virgesäit.
Aktuell géif een der Tendenz vun de grousse Plattformen einfach net méi hannendru kommen, an dofir misst elo gehandelt ginn, mengt den LSAP-Deputéierte Ben Polidori.
“D'Educatioun ass eng Saach, mee d'Educatioun brauch Zäit. An déi Zäit am Moment, wou mer gesinn, wéi vill falsch Informatiounen, wéi vill awer déi mental Gesondheet bei deene Jonken impaktéiert ass, mengen ech schonn, datt mer elo eng Kéier sollten d'Handbrems zéien.”
Och ee Problem fir eeler Generatiounen
Een einfache Verbuet geet den aneren Oppositiounsparteien awer net wäit genuch. Net nëmme bei de Jonken, mee och bei de méi eelere Generatioune géif et en deels bedenkleche Gebrauch vun Online-Plattforme ginn, mengt den Deputéierte vun déi Lénk David Wagener. Déi sozial Medie géifen och nach ëmmer eng wichteg Opportunitéit fir sech auszetausche bidden.
“Well mir gesi jo och, datt si sech staark doriwwer sozialiséieren an, datt se och nach ëmmer e Liewen an der analoger Welt hunn. Ech mengen de Problem läit dann och méi déif.”
Et misst een iwwer Alternative fir sech auszetauschen nodenken. An der analoger Welt, also a Form vu Veräiner a Fräizäitaktivitéiten, mee och an der digitaler Welt, a Form vun alternative Plattforme fir Kontakter ze knäppen, mengt déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard.
“Déi Reflexioun, wat dann d'Alternativ ass, wa mer hinnen d'Social Media ewechhuelen, do feelt et mer am Moment nach. An ech mengen, datt mer wierklech musse méi wäit goen an och virun allem och mat deene Jonke schwätzen, wat si dann do brauchen.”
D’Djuna Bernard bedauert och, datt an der Kommissioun net méi iwwer den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Jugendpolitik geschwat gouf, dee bis Enn vun dësem soll virleien.