Je no dem wéi vill Parteien et an de Landtag vu Sachsen-Anhalt packen, kéint d'Alternative für Deutschland (AfD) d‘Majoritéit vun de Setz kréien. D'Chancen heifir stinn net schlecht, wéi aus rezenten Ëmfroen ervir geet.
Sollt d'AfD keng Majoritéit kréien, misst déi lokal CDU sech mat der Mammepartei ofschwätzen, ob si eng Koalitioun, mat der rietsextremistescher Partei an Ostdäitschland, ageet. Der Meenung ass den CDU/CSU Fraktiounschef Thorsten Frei.
Kooperatiounsverbuet mat der AfD
D'Kooperatiounsverbuet mat der AfD wier eng Grondsazdecisioun vun der ganzer Partei, do kéint net all Bundesland maachen wei et wëll, esou de nach den Thorsten Frei.