Onkloer ass elo, wéi eng Roll de Lars Klingbeil an enger neier schwaarz-rouder Regierung géif spillen, ob hie méiglecherweis Vizekanzler géif ginn. Déi däitsch Presseagence mengt, datt hien do awer e Konkurrent hätt: De Boris Pistorius. Deen ass an de Sondagen de beléiftsten däitsche Politiker an Däitschland.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Lars Klingbeil gëtt neie Fraktiounspresident vun der SPD
Bundestagswalen
Lars Klingbeil gëtt neie Fraktiounspresident vun der SPD
3 Deeg no der historescher Néierlag bei de Bundestagswalen, e Sonndeg, huet d‘SPD-Fraktioun am Bundestag hire Parteichef Lars Klingbeil um Mëttwochmoien als hiren neie Fraktiounschef gewielt. Deemno huet de 47 Joer ale Klingbeil elo zwee wichteg Posten an ass den neie staarke Mann bei de Sozialdemokraten. Hie wäert och d‘Koalitiounsgespréicher mat der Unioun leeden.
auto_stories
1 min

Lars Klingbeil (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)