Radioen

On air

Concert  |  Zwou éischt Sinfonien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laura Thorn vertrëtt Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest

Luxembourg Song Contest

Laura Thorn vertrëtt Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest

D’Laura Thorn wäert dëst Joer Lëtzebuerg op der Eurovisioun zu Basel vertrieden. Déi 25 Joer jonk Sängerin huet sech gëschter beim nationale Virentscheed, dem Luxembourg Song Contest an der Rockhal, mat hirem Lidd "La Poupée monte le son" kloer duerchgesat.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Laura Thorn, LSC | © Tessy Troes play_arrow
Foto: Tessy Troes

No enger vollgepaakter Show iwwer zwou Stonnen, ass d’Decisioun gefall: D’Laura Thorn konnt sech mat hirem Lidd “La Poupée monte le son” duerchsetzen. An dat mat zum Schluss am ganzen 184 Punkten. 7 vun den 8 internationale Juryen hunn hir déi berüümten 12 Punkte ginn. Klore Gewënner beim Publikumsvott war awer d’Band Zero Point Five.

Hommage un d‘Lidd vun der France Gall

D’Gewënner-Lidd soll eng Aart modernen Hommage un d’Lidd "Poupée de Cire, Poupée de Son" sinn, mat deem d’France Gall viru 60 Joer fir Lëtzebuerg den ESC gewonnen huet. Wärend d’Lidd vun der France Gall wéinst der Duerstellung vum Fraebild kritiséiert gouf, wëll d’Laura Thorn iwwer Emanzipatioun an Onofhängegkeet sangen. 

Dat war op d’mannst mol d’Iddi vun de Paräisser Produzenten, Julien Salvia a Ludovic-Alexandre Vidal, déi d’Lidd komplett geschriwwen hunn

"C’est de dire que, effectivement, la poupée parle de sa propre voix. Elle donne de la voix, elle monte le son, et surtout, elle n’a besoin de personne pour dire ce qu’elle a à dire."

Keng Lëtzebuerger Produktioun

Op en Neits gëtt deemno e Lidd op d’Eurovisioun geschéckt, wat net zu Lëtzebuerg produzéiert gouf. De Kulturminister Eric Thill, dee gëschter Owend och am Public souz huet sech an deem Kontext optimistesch gewisen, d’Lëtzebuerger Musekszeen an Zukunft nach méi ze fërderen.

"Ech wäert mech weider dofir asetzen, datt de ganze Lëtzebuerger Museks-Secteur vun deem LSC ka profitéieren, an datt dat och op der internationaler Bün méi Visibilitéit kritt. Dat ass mäi Rôle, do schaffe mir drun, mee ech mengen datt mir dëst Joer scho vill Progrèse gemaach hunn."

Halleffinall de 17. Mee

Mat Bléck op déi nächst Prouwen a Coachinge fir déi grouss Bün zu Basel, déi elo ustinn huet d’Laura Thorn nach e Message un d’France Gall:

"Ech wëll elo net soen, a seng Fussstapfen ze trieden, well dat maachen ech absolutt net, an ech géif mech och net trauen dat ze soen. Mee jo ech stolz kënnen e Lidd ze sangen, wat en Hommage un d’France Gall ass."

Am Mee muss sech d’Sängerin dann nach an der Halleffinall beweisen, wou sech entscheet, ob Lëtzebuerg och an der grousser Final zu Basel de 17. Mee wäert vertruede sinn.

Lauschterenplay_arrow