Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Laurent Zeimet: Europa muss méi a seng Verdeedegung investéieren

3 Joer Krich an der Ukrain

Laurent Zeimet: Europa muss méi a seng Verdeedegung investéieren

Fir den drëtte Joresdag vum russeschen Ugrëff war eng europäesch Delegatioun op Kiew gereest. Dorënner och de Laurent Zeimet. Zil war et fir Solidaritéit ze weisen.

auto_stories

1 min

Laurent Zeimet zu Kiew  | © Philip Crowther
Laurent Zeimet zu Kiew (Foto: Philip Crowther)

Philip Crowther (Kiew)

Fir d’Sécherheet vun de Parlamentarier ze garantéieren, sinn d’Delegéiert all mat engem Bus op déi verschidden Treffe gefouert ginn. Owes dierfe si och net méi aus hirem Ënnerdaach raus. Dat well virun allem owes Warnunge wéinst Dronenugrëffer aus Russland bestinn. Dat war dann och den Dënschdeg den Owend de Fall, wéi Russland d’Ukrain mat Dronen ugegraff huet. Déi meescht konnten awer vun der Ukrain ofgewiert ginn.

Et wier ee sech net bewosst, wéi no den Ukrain-Krich ass an dowéinst hätt een och d’Tendenz ze vergiessen, datt et och ëm déi eege Sécherheet geet.

Dem Laurent Zeimet no wieren déi europäesch Staaten “guer net gutt opgestallt” fir der Ukrain ze hëllefen, si misste sech dofir drop astellen an Zukunft méi Sue fir hier Verdeedegung auszeginn, well ee sech net ka sécher sinn, datt Hëllef vun den USA kënnt.

De Konflikt wier méi no wéi jee mengt, seet de Laurent Zeimet, dofir misst Europa an Zukunft méi enk zesummenhalen.