arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Laut de Schülerverbänn ware gëschter 480.000 Persounen a Frankräich op de Stroossen

Frankräich

|
reading time

2 min

Laut de Schülerverbänn ware gëschter 480.000 Persounen a Frankräich op de Stroossen

Gëschter war et de fënneften Akt vun de Schüler- a Studenteprotester a Frankräich. Och dës Kéier goufen et nees Maniffen uechter d’Land. D’Beweegung muss elo allerdéngs entscheeden, wéi et soll weidergoen.

reading time

2 min

© EPA/FIRAS ABDULLAH
(Foto: EPA/FIRAS ABDULLAH)

Laut de Schüler- a Studentenverbänn ware gëschter eng 480.000 Persounen op de Stroossen, fir d’Revendicatioune vun de Jonken anzefuerderen a géint d’Regierung ze protestéieren.

Dat wier e Rekord fir d’Schülermobilisatioun, déi mëttlerweil an hirer véierter Woch ass.

Ënnerschiddlech Aschätzungen 

Den Inneministère schwätzt allerdéngs nëmme vun 161.500 Persounen, also däitlech manner. Ass de Mouvement um Offlaachen, wéi den Educatiounsminister Édouard Geffray gëschter behaapt huet?

De Manuel Bompard vun der Lénkspartei LFI war gëschter bei de Protester dobäi an huet um Mikro vun LCI gesot, dovu wier näischt ze spieren.

An de grousse Stied ewéi Paräis, Marseille, Nantes oder Brest, wou protestéiert gouf, koum et och gëschter nees zu gewaltsamen Zeenen tëschent Jonken an der Police. Zënter dem Ufank vun de Protester goufen eng 200 Jonker an eng 800 Sécherheetsbeamte blesséiert.

E Samschdeg kéint et weidergoen

Vill Universitéiten am Land goufen och gëschter nees blockéiert. D’Studentenunioun schwätzt vun 90 Prozent vun de Fakultéiten, den zoustännege Ministère dogéint nëmme vun 35 Prozent.

Gëschter Owend gouf et zu Paräis op der Place de la République eng Versammlung vun de Manifestanten, fir ze diskutéieren, wéi et elo soll weidergoen. E Samschdeg kéint et schonn zum nächste Protestdag kommen.

Lauschtert hei d'Aschätzunge vun eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl