arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leihmutterschaft: Wat gëllt zu Lëtzebuerg a wat an der EU?

NO AFFÄR JENS SPAHN

|
reading time

5 min

headphones

8 min

play_arrow

Leihmutterschaft: Wat gëllt zu Lëtzebuerg a wat an der EU?

D’Leihmutterschaft ass an der EU ganz ënnerschiddlech gereegelt. A vill Länner gëtt et kee Gesetz doriwwer. Dat ass och zu Lëtzebuerg de Fall. Deemno méi grouss ass den Diskussiounsbedarf.

reading time

5 min

headphones

8 min

play_arrow

De Fall vum däitschen CDU-Politiker Jens Spahn, deen zesumme mat sengem Mann Papp gouf - um Wee vun enger sougenannter Leihmutterschaft huet fir vill Welle gesuergt an net nëmmen an Däitschland d’Diskussioun ronderëm de Sujet nei ugestouss.

Et gëtt et effektiv Diskussiounsbedarf.

Wéi ass d’Situatioun, wat eventuell Gesetzer iwwer d’Leihmutterschaft oder wéi bei eis och gesot gëtt “d’Gestation pour autrui” ugeet an aneren europäesche Länner - a wéi gesäit et eigentlech zu Lëtzebuerg aus?

CDU-Parteikolleeg Peter Liese: Behuele vum Jens Spahn ass “héichproblematesch”

De Peter Liese, deen zënter 1994 fir d’CDU am Europaparlament setzt, huet d’Positioun vu senger Partei zur Leihmutterschaft verteidegt. D’CDU trëtt an Däitschland fir ee Verbuet vun der Leihmutterschaft an.

De Peter Liese huet d’Behuele vu sengem Parteikolleeg an engem Pressecommuniqué ongewéinlech schaarf verurteelt.

Et wier “héichproblematesch”, wann een héije Vertrieder vun enger Partei ënner Asaz vu vill Suen an internationale Kontakter eng Method benotzt, déi ville Leit an Däitschland, déi déi Kontakter an d’Geld net hunn, net opsteet.

Leihmutterschaft ass just a véier EU-Länner legal

An Irland, Griichenland, Zypern a Portugal ass d’Leihmutterschaft offiziell erlaabt.

A Portugal ass d’Situatioun speziell, well déi entspriechend Reglementer bis elo net ugeholl goufen, wéinst Awänn vum Verfassungsgeriicht.

An alle véier Länner ass just eng sougenannten “altruistesch Leihmutterschaft” erlaabt.

Eng kommerziell Leihmutterschaft, also eng, mat där ee Sue verdénge kann, ass néirens an der EU legal.

D’Gesetzer an deene betraffene Länner, gesinn eng Partie Contrainte vir. Et ass zum Beispill eng spezial Kommissioun virgesinn, déi d’Accorden iwwer eng Leihmutterschaft iwwerwaacht. Et gëtt Reegelen iwwer eventuell Suen, déi fléissen dierfen. Griicheland fixéiert do zum Beispill Héchstmontanten.

A wat opfält: Et gëtt deels signifikant Ënnerscheeder doriwwer, wien eng Leihmutterschaft dierf an Usproch huelen a wien net. Net ëmmer ass d’Situatioun vu männlechen homosexuelle Koppele ganz kloer.

Verbuet vu Leihmutterschaft a 14 EU-Länner

Explizit verbueden ass d’Leihmutterschaft nieft Däitschland och a Frankräich, Italien, Spuenien, genee ewéi Bulgarien, Kroatien, Slowenien, Malta a Litauen.

Implizit verbueden, also iwwer aner Gesetzer, déi zum Beispill d’kënschtlech Befruchtung etc. betreffen, ass Leihmutterschaft dann och nach an Éisträich, Estland, Finnland, Schweden an Ungarn. 

D’Europaparlament hat am Februar an enger Etüd een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun an den EU-Länner ginn. 

Do ginn eng Partie Länner guer net ernimmt, well et do kee Gesetz gëtt, wat d’Leihmutterschaft reegelt.

Lëtzebuerg: Leihmutterschaft weder verbueden nach erlaabt

Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Gesetz, wat d’Leihmutterschaft reegelt, an dat wäert wuel nach eng Zäit esou bleiwen.

Ze soen, si wier verbueden, ass deemno genee esou falsch wéi ze soen, si wier erlaabt.

D’CSV hat dat an hirem Walprogramm 2023 anescht duergestallt a festgehalen: “Wir werden dafür eintreten, dass Leihmutterschaft in Luxemburg weiterhin verboten ist. Wir stehen zum Grundsatz der Nichtverfügbarkeit des menschlichen Körpers".

De Koalitiounspartner DP ass iwwerdeems a sengem Programm dofir agetrueden, datt d’Leihmutterschaft zu Lëtzebuerg  explizit agefouert gëtt:

“D’Leihmutterschaft soll op engem nobele Prinzip baséieren, bei deem d’Motivatioun vun der Leihmutter eng generéis ass.”

Am Koalitiounsvertrag gouf awer festgehalen, datt dës Regierung d’Leihmutterschaft net aféiert: “à ce stade, mais suivra de près l’évolution de la législation au sein des autres pays européens”.

D’CSV krut sech hei also duerchgesat.

Leihmutterschaft gëtt net op EU-Niveau gereegelt

D’EU ass net zoustänneg. D’Familljen- a Reproduktiounsrecht fält ënner d’Kompetenz vun de Memberstaaten.

Trotzdeem lafen op EU Niveau eng Partie Diskussioune ronderëm dee Sujet. ...

D’EP huet nach viru kuerzem an enger Resolutioun iwwer d’Genderparitéit, d’Praxis vun der Leihmutterschaft verurteelt an als reproduktiv Ausbeutung vu Frae bezeechent.

Ervirzehiewen ass och, datt an der Direktiv géint de Mënschenhandel, iwwer déi sech d’EU-Institutiounen 2024 eens goufen, d’Ausbeutung vu Leihmutterschaft als Form vu Mënschenhandel aklasséiert an deemno als illegal agestuuft gëtt.

Dat mussen d’Memberlänner esou ëmsetzen, dat heescht awer net, datt si all Form vu Leihmutterschaft verbidde mussen.

Diskussioun iwwert Parentalitéit

D’Leihmutterschaft gëtt virun allem zu engem EU-Thema, wann et em d’Parentalitéit geet.

Et gëtt vill Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff, déi weise wéi komplizéiert déi legal Situatioun an der EU ass, besonnesch wann et sech d’Unerkenne vun der Parentalitéit handelt.

2022 huet d’Europäesch Kommissioun ee Reglement proposéiert, wat d’Unerkenne vun der Parentalitéit an der EU reegele soll.

Ënner déi Reegele géifen dann och d’Kanner zielen, déi vun enger Leihmutter op d’Welt komm sinn.

Deen Dossier kënnt awer net richteg virun, ee vun de Sträitpunkten ass d’Gestation pour autrui, also d’Leihmutterschaft.

D’Länner wou d’Leihmutterschaft verbueden ass, fäerten, datt hir Gesetzer duerch déi nei EU-Reegele kéinten ëmgaange ginn.

Lëtzebuerg huet hei méi eng oppen Approche. 

D’Justizministesch Elisabeth Margue hat de 5. Juni an engem ëffentlechen Debat op enger Reunioun mat hiren Homologen um Kierchbierg gesot, de Grand Duché géif fir ee wäite Champ d’application vum Reglement plaidéieren, fir ze verhënneren, datt Kanner ënnerschiddlech behandelt ginn.

Wuelwëssend, datt zu Lëtzebuerg ee Gesetz, wat déi Fro vun der Unerkennung vu Kanner aus enger Leihmutterschaft, léise géif zënter Joren op sech waarde léisst.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren