search

/ Leit mat méi héije Pensiounen liewen am Schnëtt méi laang, wéi déi mat méi niddregen

National

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Leit mat méi héije Pensiounen liewen am Schnëtt méi laang, wéi déi mat méi niddregen

D'Liewenserwaardung vu Leit déi zu Lëtzebuerg an der Pensioun sinn ass an de leschte Joerzéngte geklommen. Dat geet aus enger neier Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber ervir. Lëtzebuerg gehéiert domat mëttlerweil zu de Länner mat der héchster Liewenserwaardung an Europa.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

Gläichzäiteg weist d'Analys awer och däitlech sozial Ënnerscheeder op. 

Leit mat décke Pensiounen hu méi eng héich Liewenserwaardung

Zu Lëtzebuerg ass d'Liewenserwaardung vu Leit ab 60 Joer zënter den 2000er-Jore staark geklommen. De Co-Auteur vun der Analys, de Prof. Dr. Louis Chauvel vun der uni.lu erkläert déi Entwécklung ënner anerem mat de Fortschrëtter am Gesondheetssystem, enger besserer Preventioun an engem méi gesonde Liewensstil.

Gläichzäiteg weist d'Nott, déi op Demande vun déi Lénk realiséiert gouf, awer och datt et Ongläichheeten an deem Beräich ginn. Bei de Leit mat den héchste Pensioune läit d'Liewenserwaardung ronn sechs Joer iwwer där vu Leit mat deene klengste Pensiounen.

Si profitéieren an der Moyenne och ronn fënnef Joer méi laang vun der Pensioun. Dem Louis Chauvel no soll een doran awer keen direkte kausalen Zesummenhang gesinn. D'Pensioun wier éischter e Spigel vun de Liewens- an Aarbechtskonditiounen iwwer déi ganz Beruffskarriär.

“C'est lié essentiellement au fait que les gens qui décident de prolonger leur travail, leur vie de travail, leur carrière, sont aussi des gens qui sont en forme, qui se sentent performants dans leur existence et dans leur carrière. Et bien évidemment, ces personnes en bon état à 60 ou à 65 ans vont avoir une meilleure espérance de vie que les personnes qui sont déjà usées par la vie."

Domat mengt de Louis Chauvel Leit, déi eng ganz stresseg an/oder physesch ustrengend Karrär haten. Deenen hier Gesondheet wier dovun dacks gezeechent, wat och dozou féiere géif, datt se éischter an d'Pensioun géife goen.

Déi Lénk gesi sech bestätegt

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet dës Nott virun iwwer zwee Joer ugefrot, wéi d’Regierung grad matten an den Diskussiounen iwwer eng Pensiounsreform war. Hie gesäit sech duerch d'Resultater a senger Kritik un enger genereller Erhéijung vum Pensiounsalter confirméiert.

De Marc Baum | © Radio 100,7
De Marc Baum (Foto: Radio 100,7)

Fir de Marc Baum gëtt nämlech hei gewisen, datt eng Reform och d'Fro vun der sozialer Gerechtegkeet misst mat abezéien. Hie fuerdert ënner anerem, datt den aktuelle Bäitragsdeckel vun aktuell fënnef Mol den onqualifizéierte Mindestloun opgehuewe gëtt, a Leit mat ganz héije Salairen deemno méi cotiséiere mussen.

“Wat musse mer op der anerer Säit maachen, fir et méi gerecht ze maachen? Mir mussen d'Mindestpensioun an d'Luucht hiewen, zumindest iwwert den Taux vum Aarmutsrisiko, dat heescht dat wat eng Erhéijung vu ronn 300 Euro wier, wéi d'Mindestpensioun misst an d'Luucht goen. An dat géif och dozou bäidroen, datt deen Ecart tëschent deenen, déi ganz laang an der Pensioun sinn an deenen, déi méi kuerz an der Pensioun sinn, géif méi kuerz ginn.”

No der Summervakanz wëllt de Marc Baum d'Resultater vun der neier Nott an der zoustänneger Chamberskommissioun op den Dësch bréngen.

play_arrow Lauschteren