Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Léon Gloden iwwert franséisch Grenzkontrollen: "Et dierft kee Problem gi fir eis"

Inneminister

Léon Gloden iwwert franséisch Grenzkontrollen: "Et dierft kee Problem gi fir eis"

Den Inneminister Léon Gloden kritiséiert prinzipiell déi franséisch Grenzkontrollen, déi den 1. November ufänken, rechent awer net mat Komplikatiounen op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© European Union play_arrow

Wéinst dem Schengenaccord wiere Kontrollen op de Bannegrenzen net justifizéiert, esou de Léon Gloden am 100,7-Interview. Mee de Minister rechent awer net mat engem groussen Impakt fir Lëtzebuerg a fir d’Frontalieren.

"Also mir si keng Problemer bekannt, déi den Trafic tëschent Lëtzebuerg a Frankräich affektéiert hätt a mir kruten dat och esou vun de franséischen Autoritéite confirméiert, datt elo näischt aneschters géif installéiert gi par rapport zu Lëtzebuerg, wéi dat bis elo de Fall war. Dat heescht et dierft kee Problem gi fir eis."

Mam neien franséischen Inneminister hätt hie sech scho virun enger Woch ausgetosch a géif dat och d’ nächst Woch nach eng Kéier maachen. Do géif et dann och nach ëm gemeinsam Policepatrullen an den Zich goen déi iwwer d’ Grenz fueren,  an déi Lëtzebuerg och ënnerstëtze géing, sou nach de Léon Gloden.

"Mee et ass och elo eng Kéier eng Reunioun vun de franséische Prefeten zu Lëtzebuerg am November. Do sinn ech invitéiert an do wäert ech dann och nach eng Kéier d'Theema vun de Kontrollen uschwätzen an nach eng Kéier d'Positioun vu Lëtzebuerg kloer duerstellen. Mir si fir Schengen, a Schengen heescht keng Kontrollen un de Bannegrenzen."

Lauschterenplay_arrow