An dat läit um 10. September 2008, wéi Lëtzebuerg d'Schwäiz zu Zürech sensationell a komplett onerwaart 2:1 geklappt huet. Besonnesch bedubbert deemools: Den Otmar Hitzfeld, deen déi Blamage a sengem zweeten offizielle Match als Schwäizer Nationaltrainer erlieft huet.

De Lëtzebuerger hat d'Victoire besonnesch gutt gedoen, well e schwäizer Nationalspiller sech den Dag vum Match vun der Boulevardzeitung Blick mat e puer Luxemburgerlien am Grapp fotograféiere gelooss hat, deene berüümte Macarone vun der nach méi berüümter Confiserie Sprüngli.
Murat Yakin: "Wir respektieren den Gegner"
Wat wuel suggeréiere sollt, datt d'Lëtzebuerger a sengen Aen net vill méi wäert wären, wéi ee klenge séisse Mäifelchen. Schrecklech penibel natierlech, datt et u Schif goung. Den aktuelle Schwäizer Nationaltrainer Murat Yakin huet deen Episod net vergiess.
"Wir werden sicher nicht den Fehler machen, irgendwo irgendwelche Süßigkeiten auf den Tisch zu legen und sie fotografieren zu lassen. Also ich glaube, da haben wir sicher etwas draus gelernt. Aber nein, wir respektieren den Gegner sowieso jetzt nach diesem letzten Resultat und vor allem auch ihre letzten Resultate, die letzten 20, wo sie nur gegen Belgen und Portugal hoch verloren haben, aber sonst alle Resultate sehr eindrücklich. Und auch die Spielweise, jetzt auch gegen Schweden, zeigt uns, dass wir ein konzentriertes Spiel zeigen müssen."

De Match gëtt zu Sankt Gallen gespillt. Ustouss ass um 20:45 Auer.