arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Lëtzebuerger Bünepräisser zu Miersch iwwerreecht

Kultur

|
headphones

2 min

Lëtzebuerger Bünepräisser zu Miersch iwwerreecht

Gëschter Owend goufen am Mierscher Theater d'Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht. Nieft Auszeechnungen am Nowuessberäich a fir déi bescht Produktioun gouf och e Liewenswierk geéiert. D'Zeremonie war gläichzäiteg Gala an Diskussiounsufank iwwer d’Roll vum Text am Theater.

headphones

2 min

D'Feierlechkeete goufen am Mierscher Theater vun der Journalistin Anne Klein moderéiert an ënner der Regie vun der Sara Goerres organiséiert. De Schrëftsteller Samuel Hamen huet de Galatext geschriwwen. Hien huet d'Geleeënheet genotzt, fir déi heefeg marginaliséiert Roll vum geschriwwene Wuert am Theater ze thematiséieren:

"Et huet een eppes fir unzepaken an et kann een domadder spillen (…) den Text ass elo opgrond vun der Struktur vun deem Präis net besonnesch present, da maachen ech en elo besonnesch present."

Nowuesspräis fir den Antoine Pohu

An der Kategorie Nowuess gouf den Auteur an Dramaturg Antoine Pohu fir seng Texter vu "Spring Awakenings" a "Pandora" ausgezeechent. Seng Auszeechnung koum awer net ouni Poleemik, well an där eenzeger Kategorie, wou Schrëftsteller mat Texter nominéiere kéinte ginn, haaptsächlech Danzstécker vertruede waren.

"Schlussendlech ass et schonn iwwerraschend, datt (…) véier Danzstécker dra sinn. Ech sinn e groussen Danzfan, mee Schrëftsteller däerfen net vergiess ginn. Do stinn ech total derhannert."

Déi kritesch Ureegung weist, datt och beim Vergi vu Präisser d'Balance tëscht verschiddene Büneformen nach emol ausdiskutéiert muss ginn.

Éierepräis fir Frank Hoffmann

E weideren Héichpunkt vum Owend war d’Auszeechnung vum Frank Hoffmann, Regisseur a laangjärege Direkter vum Théâtre National du Luxembourg. Hien ass fir säi Liewenswierk mam Theaterpräis geéiert ginn.

"Et war schonn eng Iwwerraschung, well ech wosst et net (…) ech wollt mech onofhängeg dovun halen. Dunn hate si mech domat kritt."

Stéck "Les Glaces" gewënnt

De Präis fir déi bescht Produktioun krut "Les Glaces". D'Stéck beschäftegt sech mat Schold, d'Näischtsoen an d'Veraarbechtung vu sexueller Gewalt - en Theema, dat dacks nach tabuiséiert bleift.

D'Schauspillerin Sophie Langevin, déi d'Stéck inzenéiert huet, huet betount, wéi wichteg de gesellschaftlechen Opruff vum Theater bleift:

"Le théâtre a cette force (…) de permettre un catharsis, de permettre à chacun, chacune de trouver un écho."