arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Deputéiert begréissen d'Walresultat gréisstendeels

Midterm-Walen an den USA

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerger Deputéiert begréissen d'Walresultat gréisstendeels

Déi däitlech Victoire vun den Demokrate bei de Midterms an den USA gëtt vun de meeschte Lëtzebuerger Deputéierten an der aussepolitescher Chamberkommissioun begréisst. Vertrieder vun CSV, DP, LSAP, déi gréng an déi Lénk gesinn am Walresultat virun allem e Signal géint d'Politik vum Donald Trump.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/EMILY CURIEL
(Foto: EPA/EMILY CURIEL)

Wat d'Konsequenze fir d'USA an Europa ugeet, sinn d'Erwaardungen awer éischter méi zeréckhalend.  

"Hoffnung"

Et gëtt Hoffnung – esou reagéiert den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas op d’Walresultat vun de Midterms. Hie schwätzt vun engem Echec vun der Trump-Politik a gesäit doran och eng Reaktioun op den Ëmgang vum US-President mat demokrateschen Institutiounen.

"Datt och eng Rei Leit ëmmer méi agesinn hunn, datt den Här Trump kee Respekt huet vis-à-vis vun Institutiounen, kee Respekt huet vis-à-vis vun internationale Konventiounen, och vis-à-vis vu Minoritéiten."

Och den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet schwätzt vun enger klorer Ofrechnung mam Donald Trump.

Fir d'Deputéiert Yves Cruchten vun der LSAP an d’Sam Tanson vun déi gréng weist d'Resultat iwwerdeems, datt déi amerikanesch Demokratie funktionéiert. D'Demokrate kéinten de President elo méi staark kontrolléieren, mengt d’Sam Tanson.

"D'Demokrate kënnen elo Untersuchungsausschëss lancéieren an och aner Anhörunge géint d'Regierung ustoussen. Mee si kënnen och bei enger ganzer Rëtsch Gesetzespropose vum President elo matschwätzen."

D'Ana Correia da Veiga vun déi Lénk begréisst, datt besonnesch déi sozialdemokratesch Stréimung bannent den Demokraten Erfolleger konnt feieren.

ADR gesäit et anescht

Eng aner Interpretatioun kënnt vum ADR-Deputéierte Fred Keup. Hie gesäit am Walresultat keng aussergewéinlech Entwécklung. Den ADR-Politiker interpretéiert d'Resultat als eng normal Entwécklung bei amerikanesche Midterm-Walen.

"D'Leit wielen e President. Dee kann natierlech net dat liwweren, wat hie versprach huet. Doropshi sinn d'Leit enttäuscht. An dann ass et eben en Deel, dee wiesselt dann, wielt anescht."

"Elo keng ze héich Erwaardungen hunn"

Wat d'Konsequenze fir Europa ugeet hofft den DP-Deputéierte Gusty Graas op eng Verbesserung vun den transatlantesche Relatiounen.

Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet rechent dogéint mat méi politesche Konfrontatiounen an den USA. Och den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten warnt virun ze héijen Erwaardungen.

"Mir brauchen natierlech eng gutt Partnerschaft mat den USA, mee mir däerfen net vun all Wal zu Washington ofhängeg sinn. Also, anescht gesot, Europa däerf net all zwee Joer hoffen, datt d'Amerikaner eis politesch Problemer léisen."

D’Resultater bleiwen deemno weider ze suivéieren, esou nach d’Reaktiounen aus der aussepolitescher Chamberkommissioun.

 

play_arrow Lauschteren