arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Ëmsetzung vun EU-Asylprozeduren: 32 formell Oppositiounen vum Staatsrot

Migratioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerger Ëmsetzung vun EU-Asylprozeduren: 32 formell Oppositiounen vum Staatsrot

Ënner anerem bei den neie geplangte Reegele vun der CSV-DP-Regierung, fir Asyl-Demandeuren ze "filtréieren" an an ee Centre de rétention ze placéieren, géif Lëtzebuerg, dem Staatsrot no, ze wäit goen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Staatsrot | © Adobe Stock
Staatsrot (Foto: Adobe Stock)

Déi meescht vum Staatsrot sengen 32 formellen Oppositioune si prozedural an technesch Punkten.

Mee beim sougenannte „Filtréiren“, an der „Rétentioun“ vu Leit, déi internationale Schutz wëllen ufroen – eng vun den Haaptneierungen vum neien EU-Asylpak - ass de Staatsrot der Meenung, datt de Gesetzprojet vun der Regierung net konform ass mat der EU Direktive.

Mise en rétention kéint als Fräiheetsenzuch gesi ginn 

Déi gesäit zwar vir, datt Migranten, wa se an engem EU-Land ukommen, an deen Ament an enger irregulärer Situatioun sinn, wärend enger gewëssener Zäit (zu Lëtzebuerg maximal siwen Deeg) an e Centre de Rétention kënne kommen, wou ënner anerem hir Identitéit iwwerpréift soll ginn.

Am Gesetzprojet vun der Lëtzebuerger Regierung wier dat awer esou formuléiert, datt d‘mise en retention als Fräiheetentzuch an als generell Reegel kéint gesi ginn. Esou kéinten d‘Lëtzebuerger Autoritéiten, dem aktuelle Gesetzprojet no, nämlech eng mise en rétention ënner anerem doduerch rechtfäerdegen, datt Asyl-Demanduren net mat den Autoritéite wéilte kooperéieren. Dat wier ze generell.

D‘Retentioun dierft nëmmen duerch de Risk vun enger Fuite motivéiert sinn, esou wéi dat an der EU Direktive och virgesinn ass, esou de Staatsrot. D‘Lëtzebuerger Regierung géif do ze wäit goen.

De Staatsrot läit op deem Punkt op enger änlecher Linne wéi de Flüchtlingsrot an aner Organisatiounen, wéi d'Passerell, déi der Regierung hire Gesetzprojet, fir de neien EU-Asylpak zu Lëtzebuerg ëmzesetzen, als ze vill repressiv kritiséiert hunn.

Kritik bei der Retentioun vu mannerjärege Migranten 

Kritesch äussert de Staatsrot sech a sengem Avis och nach ënner anerem bei der Retentioun vu mannerjärege Migranten. Do misst de Gesetzprojet méi Prezisiounen a Garantie ginn, fir si adequat ënnerzebréngen. 

Ee Centre de rétention wier keng adequat Plaz fir Mineuren. Et géing net duer goen ze soen, datt Mannerjäreger vun Erwuessene solle getrennt ginn. Feele géif am Text vum Gesetzprojet dann och nach en explizitte Verbuet, datt Mannerjäreger, wärend hirer Retentiouns-Zäit, net an engem Prisong dierfen ënnerbruecht ginn.

play_arrow Lauschteren