Lëtzebuerg wäert eng limitéiert Quantitéit vu senge strategesche Reserve fräiginn, nämlech 8.385 Tonne Pëtrol. Dat huet de Wirtschaftsministère de Mëtteg matgedeelt. Dëse Schrack géif am Geescht vun der Solidaritéit mat den anere Memberstaate vun der IEA gemaach ginn.
Aktuell wier um nationalen Territoire kee Problem bei der Versuergung festgestallt ginn, preziséiert de Ministère.
Lex Delles: Sich no enger koordinéierter Aktioun
Et wier een aktuell am Echange mat deenen aneren EU-Energieministere fir ze kucken, wat déi maachen, fir als Europäesch Unioun eng koordinéiert Äntwert kennen ze ginn, hat de Minister Lex Delles (DP) am Virfeld vun dëser Entscheedung gesot.
Lex Delles: Lëtzebuerger Reserven net fir Präis-Stabiliséierung
Wichteg wier ze betounen, datt Lëtzebuerg déi Reserven huet, fir wann d’Versuergung a Gefor wier, an net fir de Präis ze stabiliséieren, esou de Lëtzebuerger Wirtschafts- an Energieminister.
“Bis haut den Owend um 18:00 Auer, hu mer Zäit fir ze decidéieren, wa mer eppes maachen, wat mer maachen. Eis strateegesch Reserve sinn do, wa muer eng Penurie wier. De Problem ass, wann een elo géif soe, mir maachen déi ganz Reserven op, a mir géifen näischt méi aus anere Länner geliwwert kréien, dann hätte mer näischt méi op der Pompel. Dofir ass et wichteg, datt mer déi Reserven egal wéi behalen. Zu wéi engem Prozentsaz? Dat musse mer elo diskutéieren.”
D’Regierung hat jo gëschter erkläert, datt Lëtzebuerg sech als ee vun 32 Memberstaate vun der Internationaler Energieagence géif solidaresch weisen. D’IEA hat decidéiert, 400 Millioune Barrel Pëtrol aus hire strategesche Reserve fräizeginn.
Reservë fir ronn dräi Méint
Lëtzebuerg hätt Pëtrolsreserve fir 93 Deeg. D’Stocke wieren deemno gutt opgefëllt, sot den Energieminister Lex Delles um Donneschdeg nach um Bord vun der Reunioun vun der Chamber-Wirtschaftskommissioun, an där d’Energiepräisser een Thema waren.