Den Direkter vum Lëtzebuerger Pavillon, Daniel Sahr wéisst sech bis elo ganz zefridden.
Buerféiss duerch Lëtzebuerg
De Pavillon ass an 3 Säll (sougenannten Akten) opgedeelt. An deem éischten temoignéiere Leit, wéi et ass zu Lëtzebuerg ze liewen, Zum Beispill den Usch, en Aulebäcker vun Nouspelt oder eng Koppel, wou d’Fra Japanerin ass.
Am zweeten Akt am Pavillon kann e verschidden Themen uklicken, fir méi iwwert d’Land gewuer ze ginn a beim drëtten Akt kann ee sech buerféiss an en Netz leeën a ronderëm op risegen Ecran eng Rees duerch Lëtzebuerg maachen.
Vu Cremant a Gromperekichelcher...
En Highlight ass awer den Häffchen, wou d’Visiteuren och déi kulinaresch Säit vu Lëtzebuerg kenneléieren, hei gëtt et Grillwurscht, Gromperekichelcher, Brioche, Lëtzebuerger Béier, Cremant a Wäin. Dat gëtt vum Alain Hostert vun der Hotelschoul vun Dikrech a senge Schüler:inne gekacht an zerwéiert.
D’Schüler:innen, déi elo do sinn, hu virun e puer Deeg hir Kolleeginnen a Kolleegen, déi déi éischt 3 Méint zu Osaka waren, ofgeléist. Si bleiwen elo bis Oktober op der Expo.
Um Méindegowend ass och den Ierfgroussherzog Guillaume zu Osaka ukomm, an hie wäert haut de Lëtzebuerger Pavillon besichen.