Op Nofro vum Radio 100,7 d’lescht Woch, hat den Inneministère nach refuséiert matzedeelen, ob Lëtzebuerg bei dëser Reunioun zu Bréissel mat dobäi war oder net.
Diskussiounen iwwer Retoure vun afghanesche Migranten
Verschidde Medien hate gemellt, datt sech den 23. Juni Vertrieder vun der EU-Kommissioun a vu 15 EU-Staaten an der belscher Haaptstad mat den Taliban getraff haten, fir iwwer Retoure vun afghanesche Migranten ze schwätzen, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn.
Den Taliban-Regimm wier net demokratesch an d’Mënscherechter, besonnesch vu Fraen a Kanner, géifen an Afghanistan mat Féiss getrëppelt ginn, huet de Léon Gloden haut um Krautmaart erkläert.
"Mir wëssen och leider, datt "d'Allied forces" et net fäerdeg bruecht hunn, do de Regimm ze changéieren. Mir hunn als lëtzebuergesch Regierung net un der technescher Reunioun deelgeholl. "
Lëtzebuerg hätt och aktuell keng Pläng fir Retouren an Afghanistan duerchzeféieren, esou den Innenminister. An et hätten och keng Konsulatskontakter mat Afghanistan, zënter deem d'Taliban erëm un der Muecht ass, ginn.
Retour bei Risk fir d'ëffentlech Sécherheet
Den Inneministère géif awer d'europäesch Beméiungen akzeptéiert fir e Kader ze setzen, a Punkto Retouren, vu Stroftäter oder Leit, déi eng Bedroung fir sech oder fir déi ëffentlech Sécherheet duerstellen, esou nach de Léon Gloden.
"An deem Sënn ass och e Bréif vun 20 Memberstaaten un d'Kommissioun gaangen, dee mir mat ënnerschriwwen hunn."
Dëse Bréif aus dem Oktober 2025, dee Lëtzebuerg also mat ënnerschriwwen hat an deem dem Radio 100,7 virläit, hat d’Europäesch Kommissioun opgefuerdert, “Méiglechkeete fir fräiwëlleg a forcéiert Retouren an Afghanistan” ze ënnersichen.
Doriwwer hat de Radio 100,7 schonn d’lescht Woch een Donneschdeg informéiert.