arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Lëtzebuerger um Fringe Festival: Am Gespréich mat der Jennifer Gohier

Fringe Festival a Schottland

|
headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Lëtzebuerger um Fringe Festival: Am Gespréich mat der Jennifer Gohier

Véier Choreographen a Choreographinne vu Lëtzebuerger Danzkompanien hunn dëst Joer um berüümte Fringe Festival a Schottland hir Stécker opgeféiert. D’Jennifer Gohier huet mat hirem Stéck "GO!" Kampfkonscht an Danz matenee verbonn.

headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

D’Opreegung war grouss bei deene klengen Zuschauer, déi am Zoo Southside zu Edinburgh dem Jennifer Gohier hiert Stéck "GO!" kucke komme waren. Dëst ass een Danzstéck, dat vill Action versprécht, well et sinn zwee Kampfsportler déi sech hei géigeniwwer stinn. An déi Kleng konnten do ganz virbäi sinn: Si goufen nämlech invitéiert, sech op Coussine ganz vir bei d’Matt ze setzen.

Tai Chi emol anescht

De Ville Oinonen aus Finnland an de Belsch Youri De Gussem sinn allebéid Dänzer a praktizéieren och Kampfsportaarten op héijem Niveau. An dësem Stéck vermësche sech d'Talenter mateneen. Hir Beweegunge sinn ufanks zimmlech meditativ, se erënnere bëssen un déi kontrolléiert Mouvementer vum Tai Chi. Mee da ginn si beemol een op den aneren opmierksam, an et kënnt Vitess an Humor an d'Spill. 

D'Jennifer Gohier hat am Fong ufanks just eng Renconter organiséiert vu Kolleegen, déi Kampfsportler an Dänzer sinn, fir ze kucken, wat dobäi kéint rauskommen. Wéi de Ville an de Youri openeegetraff sinn, huet hiert humorvollt Zesummespill si awer inspiréiert, fir e Stéck ze schreiwen.

 "La complicité naît très vite entre les deux, entre Yuri et Ville, à travers les jeux et les échanges des pratiques martiales. Donc on a pris un peu de karaté, on a pris un peu de Bujinkan, et en fait c'était à travers beaucoup de jeux, donc on rigolait. Il y avait quelque chose de très ludique dans le processus de création."

De Kampfsport erméiglecht et der Jennifer Gohier och, Kanner zäitgenësseschen Danz méi no ze bréngen.

 "Ça permet à des publics qui viendraient pas forcément de découvrir un spectacle de danse, d'être intrigués en tout cas par ce billet-là."

Erënnerungen u Comicen an Tetris

Kanner déi am Publikum waren, hunn dacks grouss Ae gemaach wei d'Dänzer Kampfzeene gespillt hunn. De Video, deen op d‘Matt projezéiert gëtt a mat deem Dänzer interagéieren, erënnert u Videospiller wéi Tetris an awer och un d‘Säiten aus Comicbicher, an deenen an all Kader eppes aneschtes geschitt. Et ginn deemno verschidden Äert a Weisen, fir d‘Stéck ze liesen, seet d‘Jennifer Gohier. 

"Les enfants vont voir le côté ludique, vont voir le côté très graphique du mapping, notamment la partie du manga qui leur correspond à laquelle ils peuvent facilement se raccrocher, ou la musique, avec les jeux vidéo qu'il y a derrière et tout ça. Et puis les parents vont voir plus les références de Jackie Chan et Bruce Lee que nous on a rajouté derrière parce que c'est notre génération et notre imaginaire. Et puis les professionnels ou ceux qui ont un regard un peu plus pointu effectivement voient l'ensemble avec le travail de lumière de mapping vidéo qui a été fait, le côté dramaturgique."

De Videomapping, dee ganz präzis op d‘Stéck ofgestëmmt ass, bréngt och technesch Erausfuerderunge mat sech. Um Fringe Festival ginn et dausende vun Opféierungen, an déi verschidde Spektakele leien oft ganz no uneneen. Sou koum et virun dëser Opféierung vu "GO!" zu e puer stressege Minutten.

"On a eu quelques soucis techniques de dernière minute, mais c'est comme ça que ça se passe au Fringe. Comme il y a des shows qui sont installés après nous et qu'il n'y a pas eu de répétitions d'enchaînement de spectacles on sait jamais comment les autres laissent la salle quand tu arrives. Il y a eu une surprise de dernière minute mais heureusement j'ai une super équipe et ils ont bien géré et ça c'est presque pas vu apparemment."

De Fringe Festival: En deiere Spaass

D'Jennifer Gohier, déi selwer ausgebilten Dänzerin ass, spezialiséiert sech mat hirer Campagnie Corps In Situ op Spektakele fir de jonke Public. De Fringe Festival, dee Leit aus der ganzer Welt unzitt, ass fir Kënschtler ëmmer méi deier ginn. D‘Präisser vun den Hotelle ginn all Joer am August an der schottescher Haaptstad an d‘ Luucht, sou datt vill Kënschtler a Studentenheemer iwwernuechten, a puer souguer och an Zelter oder an hiren Autoen.

No de Gespréicher mat de 4 Choreographinnen aus der Lëtzebuerger Delegatioun ass kloer, datt hir Participatioun um Festival ouni d‘Hëllef vu Kultur:LX schwéier méiglech gewiescht wier.

"On est vraiment dans des conditions très chanceuses, comparé à d’autres artistes. On a une des meilleures venues du Fringe avec le grand plateau aussi. Les garçons sont payés, toute l’équipe est payée. On est hébergé, on a des per diem qui permettent d’amortir le coût d’ici."

 Kultur:LX huet och bestëmmte Rencontere méiglech gemaach, seet d'Jennifer Gohier.

"Clairement, pour "GO!" en tout cas, la présence de Kultur LX, enfin la touche Kultur LX, ça changeait définitivement la vie de la pièce. Je pense qu'on n'aurait pas eu tant de visibilité à l'international, on n'aurait pas fait autant de dates si on ne les avait pas eus, en tant que facilitateur de rencontres."

Spezifesch Erwaardunge fir de Fringe Festival huet si sech net gesat, si freet sech awer iwwert deen internationale Public, dee "GO!" kucke kënnt. 

 "On est super content, il y a des pros qui viennent. Aujourd’hui, il y avait quelqu‘un de Chine je crois, hier y avait des gens du Royaume-Uni, il y a je crois des Australiens qui vont venir aussi. Donc voilà il y a tout ça qui se passe et c’est cool on va voir ce qui en ressort quoi. On reste assez ouvert."

play_arrow Lauschteren