Liewenslängleche Prisong fir Ugeklote vu brutalem Mord un enger Fra am September 2022
Zu liewenslänglechem Prisong gouf um Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht den Ugekloten am Prozess ëm de brutalen Doud vun enger Fra, am September 2022, zu Dikrech veruerteelt. Donieft muss hien dem Fils vum Affer 75.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.
D’Riichtere sinn domat der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet nokomm, deen ebe liewenslänglech gefrot hat.
Stécker vun der Fra hirer Läich waren an den zwee Méint no der Dot zu Mont-Saint-Martin a Frankräich an zu Temmels an Däitschland fonnt ginn. Den elo Condamnéierten hat am Prozess gesot, säin Neveu wär fir d’Dot responsabel. Een Neveu, deen am Marokko ass.