D’Traininge bei dësem Veräi gi fir Kanner vu fënnef Joer u bis zu Senioren ugebueden.
"Bei deene klenge Gruppen hate mir dunn déi éischt Trainingen ausfale gelooss, an dunn hu mir eis peu à peu organiséiert. An dann iwwer d’Zäit gewinnt ee sech drun, soudatt mir elo awer e Modus operandi hunn, dee gutt fonctionéiert."
Et hätt ee keng Trainingen ausgefale gelooss, mee sech adaptéiert.
Wéi sinn d’Trainings-Conditiounen am Stadion?
"D'Trainingen, déi ginn ansech am spéiden Nomëtteg un. Do hu mir den Avantage, datt um Josy Barthel hues de d'Tribünesäit, wou d'100-Meter-Pist ass, nomëttes hues de Schiet. Dat ass emol schonn e groussen Avantage, datt d’Athleeten dann haaptsächlech am Schiet konnten trainéieren."
D'Intensitéit wier ugepasst ginn, grad wéi d'Längt vum Training.
"Doriwwer eraus hu mir iwwer de ganzen Terrain Zelter (...) opgeriicht, fir dann d'Athleeten, wa si net an hirem Effort sinn, datt si do am Schiet kënne raschten."
Och hätt een d'Sportler:innen drop higewisen, genuch Waasser derbäi ze hunn a permanent ze drénken.
"An da fir déi Momenter, wou et da wierklech ze waarm ginn ass, hu mir och Schläich am Stadion gehat, fir d'Athleeten e bësselchen ze sprëtzen a si ofzekillen."
Ass effikassen Training iwwerhaapt méiglech?
Geet et bei esou héijen Temperature virun allem dorëm, d'Sportler:inne fit a gesond ze halen?
"Also dat mol ganz kloer: D’Gesondheet, déi geet ëmmer vir."
Am Kannerberäich géif een elo beispillsweis keng Ausdauer trainéieren. Do géif et drëm goen, d'Motorik bäizebehalen. D'Kompetitiounen hätten nämlech och de ganze Summer iwwer stattfonnt.
"Datt eeben d'Technik vum Héichsprong, vum Wäitsprong, vum Ballwerfen an esou, datt s de déi motoresch Saache mat de Kanner trainéiers. An déi am gréissere Beräich, déi kucke schonn no hirem Trainingsprogramm. Natierlech musse si deen dann och adaptéieren."
Verschidden Athleeten an Athleetinne géifen net um Terrain lafe goen.
"Déi gi vläicht moies ganz fréi, wann et nach kill ass, ginn déi vläicht an de Bësch lafen, fir Endurance ze maachen. Do hu mir schonn d'Programmer adaptéiert."
Fir den Ament: Wonschlos glécklech
Weider Wënsch un d'Stad Lëtzebuerg huet de Xavier Thillen den Ament net.
"Mir als Stater Liichtathleetik-Veräin si ganz gutt bedéngt vun der Stad Lëtzebuerg, wat hire Service des sports an alles ugeet. Ech hunn elo do direkt keng weider Demanden. A wa mir der hunn, da sinn hir Servicer, déi sinn ëmmer ganz oppen, kompromëssbereet, fir eis do ze hëllefen."
Zu Hamm gëtt iwwerdeems jo vun der Stad Lëtzebuerg en neie Stadion gebaut.
"Et ass ëmmer nëmmen eng Pist, wou s de bausse bass. Do gëtt zwar och en Deel vun engem Terrain, dee gëtt dann hallef iwwerdaacht, wou een da vläicht an Zukunft Schiet hätt fir ze trainéieren. (...) D'Stad Lëtzebuerg ass awer do ganz oppen an hëllefsbereet fir ze kucken, datt eis Konditiounen do ëmmer beschtméiglech zur Verfügung stinn."
De Xavier Thillen ass zënter 2014 President vum Stater Liichtathleetik-Veräin CAL-Spora.