arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Limitéierten Accès op déi intern Servicer beim CTIE - Bierger sollen net betraff sinn

CTIE

|
headphones

1 min

Limitéierten Accès op déi intern Servicer beim CTIE - Bierger sollen net betraff sinn

Et ginn aktuell Accès-Problemer op déi intern Servicer vum Centre des technologies de l'Etat (CTIE). Dat huet den Digitaliséierungsministère an der Nuecht matgedeelt.

headphones

1 min

© Adobe / tippapatt
(Foto: Adobe / tippapatt)

Beim System, dee mobil Geräter wéi Smartphonen an Tablette fir den CTIE geréiert, wier e Problem fonnt ginn.

Eng Malware wier detektéiert ginn, also eng Software, déi Schued soll maachen.

Keen Accès iwwer mobil Geräter

De betraffene System wier preventiv isoléiert ginn, esou datt domat den Accès op mobil Apparater zënter gëschter Owend net méiglech ass. 

“Doduerch ass den Accès op déi intern Servicer vum Staat via déi mobil Geräter säit Donneschdeg Owend net disponibel.”

De CTIE hätt d’Ministèren an Administratiounen iwwer dës Indisponibilitéit informéiert.

Iwwer Computer wieren déi intern Servicer vum Staat weiderhin operationell, esou de Ministère fir Digitaliséierung.

“D’Servicer vum Staat sinn a bleiwen awer ganz normal via Computer accessibel a komplett operationell.”

D’Analyse vun dësem Incident wieren de Moment nach amgaangen, heescht et.

CTIE: Biergerinnen a Bierger net betraff

Op eis Nofro hin, ënnersträicht de CTIE, datt d‘Bierger net betraff sinn. Och d‘Schoulen, mat den Tablets déi d‘Proffe gebrauchen, wieren net concernéiert.