arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ "Little Black Dress" vu Francis of Delirium ass de Song vum Joer 2025

Klang Musekspräis

|
headphones

2 min

"Little Black Dress" vu Francis of Delirium ass de Song vum Joer 2025

D'Lidd "Little Black Dress" vu Francis of Delirium huet de Klang Musekspräis 2025 gewonnen. Mat hirem Lidd wollt d'Jana Bahrig, Sängerin vu Francis of Delirium, eppes kreéieren, dat "d'Energie an de Chaos vum Live-Spillen an dem Optrieden op der Bün afänkt".

headphones

2 min

10 Lidder ware fir de Klang nominéiert. De Publikum konnt 3 Wochen op eisem Site an an der App fir seng Favoritten ofstëmmen. 

"Éierlech gesot hat ech net geduecht, datt mir gewanne géifen, et ass schéin esou geéiert ze ginn.",

esou d'Reaktioun vun der Sängerin vu Francis of Delirium Jana Bahrig.

"Et ass e Lidd iwwer d‘Virfreed erauszegoen, d'Hoffnung, d'Verzweiflung an déi ultimativ Enttäuschung." 

Den Adriano Selva kënnt op déi zweete Plaz mat Amore Ciao, Ninon gëtt drëtt mat Charm.

D'Aarbecht vun de Lëtzebuerger Kënschtler:inne feieren

De Klang fir de beschte Song vum Joer gëtt dëst Joer fir d’éischte Kéier vum 100,7 verginn. Aus alle Lidder vu Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi mir dëst Joer um Radio gespillt hunn, huet d’Museksredaktioun 10 Titelen erausgesicht. De Publikum konnt 3 Wochen op eisem Site an an der App fir seng Favoritten ofstëmmen.

“D’Qualitéit vun der Musek vu Lëtzebuerg ass iwwer d’Joren ëmmer besser ginn", seet den 100,7 Programmchef Yves Stephany. "Dofir hu mir decidéiert fir dëse Präis an d’Liewen ze ruffen - fir d’Aarbecht vun dëse Kënschtlerinnen a Kënschtler ze wäertschätzen an ze feieren."

Den Award gëtt den 10. Januar am Gudde Wëllen am Kader vun enger 100,7 Soirée iwwerreecht. Deen Owend si Concerte vun dasRADIAL a Sheebaba an en DJ Set vu Cleveland.