arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Little Simz - Lotus

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Little Simz - Lotus

Um Déifpunkt vun enger Frëndschaft, déi op en Enn geet, ass der Little Simz hiren neie Projet entstanen. Den Album mam Titel “Lotus” ass introspektiv, mat grousse musikalesche Produktiounen, bei deene verschidden tëschemënschlech Dynamiken diskutéiert ginn.

headphones

3 min

Album Cover Little Simz - Lotus | © Crash Records
Album Cover Little Simz - Lotus (Foto: Crash Records)

Ganz kloer héiert een hei e Prozess: D’Verschaffe vu komplizéierten a schwierege Gefiller, deen och mol duerchernee mee gläichzäiteg befreie kann.

Et geet ëm ganz mënschlech Emotiounen, begleet vu gudden Texter an engem matrappende Flow, geneesou wéi mir d’Rapperin Little Simz kennen a gären hunn.

D’Rapperin Little Simz huet sech an de leschte Joren als eng vun de wichtegsten Acteuren an der englescher Hip-Hop Zeen duerchgesat. Déi lescht puer Joer waren awer och turbulent fir d’Artistin: Si huet missen eng ganz US-Tour ofsoen an huet och grad e lafende Prozess géint hire Laangzäit Kollaborateur Dean “Inflo” Cover, deen net nëmmen hir lescht dräi Albe produzéiert huet mee déi zwee waren och Kandheetskolleegen. Et geet - ewéi esou dacks - ëm Suen.

Prozess vun der Heelung

Den Album ass eng Reaktioun op deen Déifpunkt. Eng Frëndschaft déi zu Enn geet, mee och wéi et ass, eng Fra an enger Männer-dominéierter Industrie ze sinn. De ganze Spektrum vun Emotiounen deen am Prozess vun der Heelung gefillt gëtt. De Wee erëm zeréck bei sech selwer ze fannen, egal wei duercherneen, komplizéiert oder och befreiend dee kann (a soll) sinn.

Introspektioun a Liichtegkeet 

Den Album ass gepräägt vu grousse musikalesche Produktiounen. Och gouf et nach kee Little Simz Album mat esou vill Features. 

An awer fillt sech den Album introspektiv a wierklech éierlech un. Der Artistin hir Stëmm ass ëmmer am Vierdergrond, an och schonn zënter Ufank un hiert beschten Instrument. 

Och d’Features fillen sech natierlech un, och de Prozess zu sech selwer erëm ze fannen, kann een net ganz eleng maachen: Et brauch ee Kolleegen a Kolleeginne ronderëm een. 

Et ginn och net nëmmen negativ Emotioune verschafft. Den Track Young ass zum Beispill humoristesch a scho bal theatralesch. Little Simz wat un der Iddi vu Jugend probéiert festzehalen, wou een nach souzesoen “domm” war, well een net huet missen iwwert d’Konsequenze vu sengem Verhalen nodenken.

Éierlechkeet

Nach ni huet een sech der Artistin esou no gefillt. Den Album fillt sech extrem éierlech un. 

Et geet e mat der Little Simz duerch all déi Emotiounen, an erlieft déi Katharsis mat hier. Et ass net alles kloer a verstanen, mee et ass ee fräi an erëm ganz bei sech selwer. 

Den Album fänkt mam Track Thief rosen un, geet duerch lauter verschidden Emotiounen, a kennt zum Schluss mam Track Blue, wou net alles gekläert oder kloer ass, mee si ass vulnerabel an ebe wierklech éierlech. Et muss een net alles verstanen hunn, fir virun ze kommen.

D’Rapperin war schonn ëmmer riicht eraus. Wann bis elo nach net kloer war, datt si ee vun de beschten Artistinnen aus eiser Zäit ass: No dësem Album ass et schwéier hier dat nach ewech ze huelen.