search

/ Littler, Searle, Anderson oder Van Veen: Wie gëtt Darts-Weltmeeschter?

Darts-WM

|
headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Littler, Searle, Anderson oder Van Veen: Wie gëtt Darts-Weltmeeschter?

128 Spiller a Spillerinnen aus 34 Länner ware bei der Dartsweltmeeschterschaft ugetrueden. Aktuell sinn der nach 4 dovun iwwreg. Haut um Freidegowend stinn d’Halleffinalle vun der PDC-Darts-WM un. Mir hu mat der Lëtzebuerger Nummer 2 am Darts op den Turnoi gekuckt.

headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow
V. l. n. r.: Luke Littler, Ryan Searle, Gary Anderson, Gian van Veen. | © EPA/ANDY RAIN / EPA/NEIL HALL / picture alliance - Eibner-Pressefoto
V. l. n. r.: Luke Littler, Ryan Searle, Gary Anderson, Gian van Veen. (Foto: EPA/ANDY RAIN / EPA/NEIL HALL / picture alliance - Eibner-Pressefoto )

Haut um Freidegowend stinn d’Halleffinalle vun der PDC-Darts-WM un. Dat awer ouni ee vun de grousse Favoritten: Den Englänner Luke Humphries, Nummer 2 op der Welt a Weltmeeschter vun 2024, ass kloer mat 5-1 géint de jonken Hollänner Gian van Veen erausgeflunn.

Kee Wee laanscht de Luke Littler?

Fir de Sekretär vun der Lëtzebuerger Dartsfederatioun, de Jim Mayer, ass dat schonn eng kleng Iwwerraschung, mee ganz verwonnert war hien net, wéi hien am 100,7-Interview verréit.

“Obwuel ee wësse muss, datt de Van Veen och elo an de leschte Méint super Leeschtunge bruecht huet an natierlech och Europameeschter géint den Humphries ginn ass. Mee sécherlech schonn eng kleng Iwwerraschung, jo.”

Mee huet hien och Chancen an enger méiglecher Finall géint den Titelverdeedeger an d'Nummer 1 op der Welt, de Luke Littler? Als éischt muss den Hollänner mol bis dohinner kommen, seet de Jim Mayer. An dofir muss hien en zweefache Weltmeeschter schloen: de Gary Anderson.

De Schott huet an der Aachtelsfinall de Michael van Gerwen mat 4-1 geklappt, ier hien an der Véierelsfinall keng gréisser Problemer géint déi grouss Iwwerraschung vum Tournoi – den Justin Hood – hat.

Trotz beanträchtegter Vue: Ryan Searle an der Halleffinall

Dem Luke Littler säi Wee an d’Finall gesäit op den éischte Bléck méi einfach aus. Hie muss géint déi aktuell Nummer 20 vun der Welt, de Ryan Searle, untrieden.

“Lo ënner de leschte véier Spiller ass am Fong e bëssen alles méiglech, och wann de Luke Littler vläicht de grousse Favorit ass.”

A propos Ryan Searle: Deen huet eng Aekrankheet, an ass doduerch a senger Vue ageschränkt. Zimmlech ongënschteg fir een Dartsspiller. Heefeg gesäit hien net richteg, wou seng Feiler landen. Fir de Jim Mayer ass et dofir ëmsou méi iwwerraschend, datt hien et esou wäit gepackt huet.

Fréit Aus fir den MVG an de Stephen Bunting

Nieft dem Justin Hood, deen et als ongesetzte Spiller (dat heescht net an den Top 32 vun der Welt) bis an d’Véierelsfinall gepackt huet, war de Jim Mayer och vum fréien Aus vum Michael van Gerwen, respektiv dem Stephen Bunting iwwerrascht.

Mee genau dat géing den Tournoi ausmaachen: Et ass intressant an et wéisst een ni, wat geschitt.

Wéini steet ee Lëtzebuerger am Ally Pally um Oche?

De Jim Mayer ass déi aktuell Nummer 2 zu Lëtzebuerg am Dartssport. Rezent war hie bis an England gereest, fir un engem Turnéier deelzehuelen. Ambitiounen, och eng Kéier op der grousser Ally-Pally-Bün ze stoen, hätt hien och. Mee den Niveau wier an de leschte Joren allgemeng immens an d’Luucht gaang.

“D'Zil ass elo dann iergendwann eng Kéier esou d'nächst Joer, do dee Schrëtt vläicht ze probéieren, nach méi en héijen Niveau spillen ze goen an d'Ausland, fir et da vläicht och eng Kéier do an den Ally Pally ze packen.”

Jim Mayer | © Radio 100,7
Jim Mayer (Foto: Radio 100,7)

Mam Ally Pally ass den Alexandra Palace am Norde vu London gemengt, an deem d’WM stattfënnt.

1 Millioun Pond fir de Gewënner

Fir et bis op eng WM ze packe brauch et awer vill Training, an och de finanziellen Invest dierf net ënnerschat ginn, betount de Lëtzebuerger Dartsspiller.

Eng Millioun Pond wénken iwwregens fir de Gewënner vun der Dartsweltmeeschterschaft. De finanziellen Invest kéint sech also ausbezuelen. Dofir muss een awer mol op den Niveau vu Littler, Anderson a Co. kommen.

 

play_arrow Lauschteren