Radioen

On air

Notturno  |  Marie Modiano - Guérir Ma Colère

play_arrow Live
search

/ Logementsminstère: 5 VEFA-Projete bis elo ënnerschriwwen

Logement

Logementsminstère: 5 VEFA-Projete bis elo ënnerschriwwen

D’Regierung hat d’lescht Joer den Opkafprogramm vu Wunnengen op Plang - déi sougenannte VEFA-Projete lancéiert. Zanter dem leschten Oktober goufe Verträg fir fënnef Projete vu "ventes en l’état futur d’achèvement" ënnerschriwwen. Dësen Tëschebilan vum staatlechen Opkaf huet de Logementsministère dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chantier | © picture alliance/dpa | Jens Büttner play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner

Mam Opkafe vu Wunnengsbauprojete wëllt de Staat engersäits Bauentreprisen hëllefen, an anerersäits eppes géint d’Wunnengsnout maachen.

Elo sinn also d’Notairesakte fir de Kaf vu fënnef Projete mat am Ganzen 152 Wunnengen ënnerschriwwen. De Staat bezilt bal 96 Milliounen Euro, d'TVA vu 17 Prozent mat agerechent.

Fonds du Logement an SNHBM këmmere sech ëm d'Verlounen

Pro Quadratmeter Wunnfläch sinn et 7.523 Euro, inklusiv de Präis vum Terrain an enger Parkplaz pro Logement.

D’Wunnengen, déi de Staat opkaaft huet, wäerten um Kierchbierg, zu Ell, Nidderkuer, Uewerkuer an zu Péiteng entstoen, preziséiert de Logementsministère.

Ëm d’Verloune vun dëse Wunnenge wäerte sech déi ëffentlech Promoteure Fonds du Logement an SNHBM këmmeren.

Bis elo ronn 20 Prozent vum Zil erreecht

Den neie "Programme d’acquisition VEFA 2024-27" gesäit vir, datt iwwer véier Joer am Total ronn 800 Wunnengen op Plang fir eng Gesamtzomm vu 480 Milliounen Euro solle kaaft ginn.

Mat den 152 Wunnengen, déi scho kaaft goufen, huet de Staat deemno ee Fënneftel vun der geplangter Zomm ausginn.

13 weider Projete mat am Total iwwer 400 weidere Logementer sinn de Moment an der staatlecher Evaluatioun oder si si scho reservéiert, esou de Logementsministère.

Lauschterenplay_arrow