Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Arm's Length

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: "D'Zukunft vun Europa gëtt vun eis Europäer decidéiert"

Reunioun zu Paräis

Luc Frieden: "D'Zukunft vun Europa gëtt vun eis Europäer decidéiert"

Gëschter um Mëttwoch war de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zu Paräis fir eng Reunioun mam franséische President Emmanuel Macron, un där och nach aner Länner wéi Kanada, Schweden, d'Belsch oder Norwege bäigeschalt goufen. Zil war et eng gemeinsam europäesch Léisung fir de Fridden an der Ukrain ze fannen an déi eege Sécherheet ze stäerken. Eise Korrespondent Max Tholl huet no der Reunioun mam Premier telefonéiert. 

 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Emmanuel Macron via X play_arrow
(Foto: Emmanuel Macron via X)

Nodeems um Méindeg schonn déi europäesch Schwéiergewiichter am Elysée ware fir eng europäesch Äntwert op déi amerikanesch Friddenspläng fir d'Ukrain ze fannen, waren et gëschter eng Rëtsch aner europäesch Länner an NATO-Partner. Dorënner och Lëtzebuerg, vertrueden duerch de Premier Luc Frieden, deen als ee vun nëmmen zwee Regierungscheffen op Paräis gereest war, amplaz per Video un der Reunioun deelzehuelen. Et wiere konstruktiv Gespréicher gewiescht, esou de Premier, wou ee sech iwwer villes eens war. 

“Mir deelen déi selwecht Meenung, nämlech datt mir mussen Eenheet weisen, datt mir mussen un der Säit vun der Ukrain stoen, an datt d’Zukunft vun Europa vun eis Europäer decidéiert gëtt, an net vun aneren”

Een dauerhafte Fridden ass d'Zil

Datt den Emmanuel Macron d'Partner net zesummen, mee iwwer d'Woch verdeelt agelueden huet, hat de Premier leschte Weekend nach regrettéiert. Och aner Länner wéi Rumänien an Tschechien haten dëst kritiséiert. De Luc Frieden sot awer gëschter: 

“Mee vue datt net all Land an Europa déi selwecht Meenung zur Zäit huet, brauch een e puer esou Viretappen. Dat muss een als ee Prozess gesinn. Net fir Entscheedungen ze huelen, mee fir zu enger gemeinsamer Meenung ze kommen.” 

Fir de Luc Frieden geet et elo dorëms, mat enger europäescher Stëmm ze schwätzen, an net un engem Waffestëllstand, mee engem dauerhafte Fridden ze schaffen.

“Dauerhafte Fridden heescht, datt mir e kloert Konzept hunn iwwer d’Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain, mee och fir déi aner Länner, déi um Bord vum Putin-Russland léien.”

Eegen Defense op- an ausbauen

De Premier sot, et wier ee sech eens, datt der Ukrain hir territorial Integritéit muss respektéiert ginn, an datt d'Europäer bei der europäescher Sécherheet dat lescht Wuert wäerten hunn, an net d'USA. Dofir misst een awer och déi eegen Defense op- an ausbauen. Den däitsche Kanzler Olaf Scholz hat um Méindeg proposéiert, datt d'EU-Länner méi Budgetsfräiheet solle kréien a méi Scholden dierfe maachen, fir d'Verdeedegung ze finanzéieren. Och de Luc Frieden wëllt all Optiounen op den Dësch packen. 

“Dofir mengen ech musse mir méi an eisen nationale Budgeten ausginn, méi am europäesche Budget ausginn, an och all aner europäesch Instrumenter préiwen.”

Déi eegen Defense opzebaue wier indispensabel, seet de Premier, fir "datt mir muer net vu Russland attackéiert ginn, well dat bleift eng Gefor, deemno wéi dee Fridden hei zustane kënnt.”

Dës Woch wäert den Emmanuel Macron dann nach mat de leschten EU-Partner zesummekommen, dorënner och déi russlandfrëndlech Ungarn an d'Slowakei. 

Lauschterenplay_arrow