Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Logementsproblem kritt een ni ganz geléist

Neijoerschinterview op RTL

Luc Frieden: Logementsproblem kritt een ni ganz geléist

D'Pensiounsreform an de Logement waren zwee vun den Theemen, iwwer déi de Premier Luc Frieden am Neijoerschinterview op RTL befrot gouf. 

auto_stories

1 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Zu der Pensiounsreform sot hien, datt déi - wéi et am Koalitiounsaccord virgesinn ass - an dëser Legislaturperiod soll ëmgesat ginn. De Premier huet keng konkret Mesurë genannt. 

No der Consultatiouns-Debatt mat de Sozialpartner an der Bevëlkerung géif d'Regierung an den nächsten zwee, dräi Méint konkreet Proposen op den Dësch leeën. De Premier huet betount: Bei den eventuelle Mesurë fir eng Reform vum Pensiounssystem géif et keng Tabue ginn. 

Beim Logement huet de Premier d'Steiermesuren en faveur vun den Immobilien-Investisseuren a Promoteure verdeedegt. D'Effekter dovun, zum Beispill op d'Präisser, géif een eréischt an zwee, dräi Joer spieren, esou de Luc Frieden. Hie sot och, de Logementsproblem géif een ni ganz geléist kréien, an dee Problem géif och am Ausland bestoen.