Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Psychic Ills - I Don't Mind

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden relanceiert een "Europa mat zwou Vitessen"

Europäesch Unioun

Luc Frieden relanceiert een "Europa mat zwou Vitessen"

De rezenten Trend, nees Kontrollen op de Grenzen am Schengenraum anzeféieren, géif him extrem Suerge maachen: Dat sot de Premier Luc Frieden haut am spéide Méindegnomëtteg an enger Ried, déi hien Am “College of Europe” zu Natolin a Pole gehalen huet.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

An deem Speech huet hie seng Visioun fir d’Zukunft vun der Europäescher Unioun presentéiert. Intern Kontrolle bannent der EU wiere kuerz gesinn, sou de Luc Frieden. Amplaz dovu misst dofir gesuergt ginn, datt d’Baussegrenze méi effikass protegéiert ginn.

Déi Europäesch Unioun misst méi enk an der Defense zesummeschaffen, sou och de Premier. Dowéinst bräicht d’EU eng eegen Arméi. De Fait, datt dat bis elo ni eppes ginn ass, sollt een net drun hënneren op en Neits ze probéieren.

De Luc Frieden huet sech dernieft och dofir ausgeschwat, datt d’EU ee permanente Sëtz am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natioune kritt. An dofir, datt an der EU manner Decisiounen a l’unanimité geholl ginn. A politesch “sensibelen” Gebidder kéint hien sech eng “Super-Qualifizéiert” Majoritéit a Plaz vun enger Unanimitéit virstellen, sou de Luc Frieden, ouni weider Detailer ze nennen.