arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair investéiert eng Milliard Euro a Fligeren – neie Boeing 737-8 gouf presentéiert

Findel

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Luxair investéiert eng Milliard Euro a Fligeren – neie Boeing 737-8 gouf presentéiert

D’Luxair huet hiren neiste Fligermodell virgestallt. Déi zwee Fligere vum Typ Boeing 737-8 sinn Deel vun der Erneierung vun der gesamter Luxair-Flott, esou hire Generaldirekter Gilles Feith bei der Presentatioun um Freideg am grousse Maintenance-Hangar um Findel.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Boeing 737-8 | © Boeing/Luxair
Boeing 737-8 (Foto: Boeing/Luxair)

Déi Erneierung hat scho mat zwee Fligere vum Produzent Embraer ugefaangen a si wäert nach ronn zéng Joer laang daueren.

Bis Mëtt den 2030er ass kee vun den ale Fligeren méi do

2026 wier e wichtegt Joer, well ee mam Ufank vum sougenannte “Refleeting” d’Zukunft vun der Luxair géif ofsécheren, esou de Gilles Feith. Zil vum “Refleeting” wier et, fir déi Fligeren déi haut do sinn ze ersetze, well déi zum Deel géifen al ginn, erkläert de Luxair-Generaldirekter.

“Bis Mëtt 2030er Joren ass kee Fliger, deen haut nach flitt (...) nach hei. An do si mer wierklech stolz drop.“

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Luxair erneiert hir Flott fir eng Milliard Euro

D’Luxair huet alles an allem, néng Fligere vum Hiersteller Embraer an zwielef vu Boeing bestallt. Fir d’Erneierung vun hirer Flott hätt d’Luxair eng Milliard Euro investéiert.

“Deen Invest, dee muss een op (...) 10 bis 20 Joer gesinn, bis een d'Suen och esou kann erëm zréckfueren, dat ass an der Aviatioun normal.”

Déi nei Boeing 737-8 wiere souwuel vu bausse wéi och an der Kabinn däitlech méi lues wéi d'Virgänger-Modellen, esou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith. Déi nei Fligere wieren och méi ëmweltfrëndlech. Doduerch géing d’Luxair bei der selwechter Capacitéit ronn 1,5 Milliounen Euro d’Joer pro Fliger spueren.

“Mir hunn hei ongeféier 20 Prozent méi Effikassitéit, dat heescht mir hunn 20 Prozent manner CO2-Ausstouss, dat ass direkt linked zu och 20 Prozent manner Fuel-Verbrauch.”

Den Nodeel dovu wier awer, dass d’Maintenance vun de Motoren dofir e Stéck méi deier wier, esou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

play_arrow Lauschteren