Radioen

On air

Notturno  |  Nick Waterhouse - Play To Win

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Song Contest 2025: D’Final-Songs sinn eraus

Nei Musek

Luxembourg Song Contest 2025: D’Final-Songs sinn eraus

Zënter Freidegmoie sinn d’Lidder vun de 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest (LSC) public an op alle gängege Streaming-Plattformen ze lauschteren. Eent vun hinne wäert de Lëtzebuerger Song um Eurovision Song Contest am Mee zu Basel sinn.

auto_stories

5 min

D’Final-Lidder kombinéiere lokal Lëtzebuerger Talenter mat internationale Kollaboratiounen. 

D’Lidder am Iwwerbléck 

Rafa Ela – "NO THANK YOU"

E Latin-Pop-Titel, dee fir Fraemuecht a Selbstbestëmmung steet. Fir dëse Song ze produzéieren ass d’Sängerin Rafa Ela bis a Schwede gereest an huet do mat de schweedesche Komponiste Christoffer Jonsson a Johan Jämtberg zesummegeschafft. D’Resultat no engem Joer Kollaboratioun wier eegenen Aussoen no ee Lidd, mat deem sech d’Rafa Ela gutt identifizéiere kéint.

ZERO POINT FIVE – "Ride"

Mat "Ride" wëll déi lëtzebuergesch Partyband eng frësch Approche bréngen, ouni awer hiren eegene Stil opzeginn. De Song, dee mat dem norwegesche Produzent Jonas Holteberg Jensen geschriwe gouf, ass déi éischt international Kollaboratioun fir d’Country-Band. Entstanen ass de Song bannent ganz kuerzer Zäit an engem Songwriting Camp. E wier typesch “Zero Pount Five”, mee awer déi nei ESC-Versioun dovun.

Laura Thorn – "La Poupée Monte Le Son"

"La Poupée Monte Le Son“ soll een Hommage un d’Lidd "Poupée de Cire, Poupée de Son“ sinn, mat deem d’France Gall viru bal genee 60 Joer den ESC gewonnen huet. E fréiere Gesangsprof vun der Laura Thorn huet si Paräisser Produzente virgeschloen. De Song, komplett geschriwwe vum Julien Salvia a vum Ludovic-Alexandre Vidal, bedeit fir d’Sängerin Laura Thorn eegenen Aussoen no eng kreativ Erausfuerderung, well et net deem Stil entsprécht, dee si fir gewéinlech sou sengt. De Song hätt als Basis eng Portioun Ironie a Provokatioun.

One Last Time – "Gambler’s Song"

Et war wuel awer net déi leschte Kéier: Mat “Gambler’s Song” probéiert et d’Pop-Rock-Band One Last Time nach eng Kéier. D’Lidd ass a Kollaboratioun mam Schweed Albin Ljungqvist entstanen, deen och schonn d’lescht Joer bei hirem Lidd “Devil in the Detail” involvéiert war. De Song soll, eegenen Aussoen no, d’Geschicht vun Hoffnungen a Risiken erzielen. Och dëst Lidd ass bannent kuerzer Zäit an engem Songwriting-Camp an der Belsch geschriwwe ginn.

Mäna – "Human Eyes"

D’Ballad "Human Eyes“ ass d’Resultat vun enger laanger Zesummenaarbecht tëscht der Mäna an de Schwede Mattias Skantze a Robin Larsson. Et soll ëm eng emotional Trennung goen, vun där d’Sängerin de Produzenten erzielt huet. E puer Adaptatioune méi spéit huet d’Mäna et dëst Joer an d’Finall gepackt. Si war och d’lescht Joer scho bei den Auditions dobäi.

Luzac – "Je danse"

“Je danse” huet de Luzac eegenen Aussoen no an nei musikalesch Gewässer gefouert. Entstanen ass de Song an engem speziellen ESC-Songwriting-Camp, organiséiert vun der Rockhal. Do ass de Luzac an ee Grupp mam Edsun komm, dee selwer d’lescht Joer bis an d’Finall vum LSC koum, an dëst Joer do war fir bei der Produktioun matzewierken. De Luzac sot am 100,7-Interview, datt hien direkt wosst, datt wann hien et bis an d’Finall packt, da mat dësem Lidd.

Rhythmic Soulwave – "Stronger"

Als eenzeg Band, déi hiert Lidd ouni international professionell Hëllef geschriwwen huet, huet et Rhythmic Soulwave, eng Band bestoen aus haaptsächlech Lycéesschüler et dëst Joer an d’Final gepackt. E bëssen Hëllef krut d’Band awer vun der Sängerin Carmen hirer Schwëster, der 16 Joer jonker Naomi Ayé, déi d’lescht Joer op der Bühn vum LSC stoung. De Song “Stronger” soll eegenen Aussoen no scho virun enger Zäitchen entstane sinn a laang am Tirang geleeën hunn. Mee elo wier de richtege Moment gewiescht, en do erauszehuelen. E wier an enger däischterer Zäit entstanen a wier eegenen Aussoen no eng Familljegeschicht.

De 25. Januar decidéiert sech an enger grousser Show an der Rockhal, wie vun de Kandidaten op Basel geet fir um Eurovison Song Contest Lëtzebuerg ze vertrieden. An der Rockhal decidéiert zum Deel eng international Jury, an zum Deel de Public, wien et gëtt.