Vum 16. bis den 18. Oktober hunn an de Studioe vun RTL d'Auditioune fir de Luxembourg Song Contest 2027 stattfonnt. Mat 80 Kënschtlerinnen a Kënschtler hunn dëse Weekend ronn 50 Prozent méi, wéi an de Jore virdrun, bei der Auditioun matgemaach.
Ënnert hinne ware vill nei Gesiichter, awer och eng Rei Artisten, déi schonn an de Jore virdru matgemaach haten. Dorënner de Luzac, den Andrea Galleti, d'Daryss an den Hugo One.
Fir d'éischt de Sänger, duerno de Song
Déi gréissten Neierung beim Luxembourg Song Contest betrëfft dëst Joer d'Critère vum Concours. Anescht wéi an de Jore virdru mussen d'Kandidaten net méi mat engem fäerdegen ESC-Song untrieden. Sängerinnen a Sänger kënnen och ouni eegent Lidd kandidéieren.
Den Hannergrond: An de leschte Jore wieren heiansdo gutt Sänger:innen net weiderkomm, well hiert Lidd net iwwerzeegt hätt, erkläert den David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun.
„Et war e bësse schued heiansdo, dass mer Sänger hu missen heem schécken, obwuel se ganz gutt gesongen hunn, wou d'Lidd awer vläicht net gepasst huet.“
Domat wéilt een och deene Kënschtler eng Chance ginn, déi net selwer komponéieren oder keng Kontakter zu professionelle Songwriter hunn.
Och international Songwriter kënne Lidder areechen
Parallel zu den Auditioune leeft bis Enn dës Mounts deemno nach eng separat Ausschreiwung fir d'Songs. Ronn 300 Lidder goufe bis ewell agereecht. Wärend d'Kandidat:innen entweder déi lëtzebuergesch Nationalitéit, oder eng Relatioun zu der lëtzebuergescher Kultur- a Musekszeen mussen hunn, gëlle fir d'Songwriter keng esou Restriktiounen.
Dat bedeit, datt och Lidder vun internationale Komponisten a Produzenten an d'Auswiel komme kënnen. Den David Gloesener gesäit an der internationaler Zesummenaarbecht eng Chance fir déi lokal Kënschtler.
„D'Eurovisioun ass do och, fir dass d'Lëtzebuerger Musekszeen ka léieren, wat bei der Eurovisioun gebraucht gëtt. An ech mengen, dat ass e Prozess.“
Kënschtler a d'Lidder ginn an engem Workshop zesummebruecht
Ufank November kënnt et zu enger weiderer neier Etapp am Selektiounsprozess, dem sougenannte „Pairing Workshop“. Hei sollen déi zeréckbehale Kënschtler mat de Lidder zesummebruecht ginn, déi am beschte bei si passen.
D'Kënschtler sollen dobäi dat leschte Wuert behalen, betount den David Gloesener.
„Mir wäerten näischt maachen, wat de Kënschtler net wëllt. Dat ass ganz kloer, d'selwecht mat de Songwriter. Dat eenzegt, wat mer maachen, ass, mir bidden eng Plattform, wou déi zwee sech kënne fannen.“
Eng gutt Stëmm eleng geet net duer
Bei den Auditiounen huet eng international Jury d'Kandidaten ënner d'Lupp geholl. Dozou gehéieren ënner anerem de Kabir Naidoo, Organisateur vun der London Eurovision Party, an de belsche Produzent Michaël De Lil, dee fir déi belsch ESC-Participatioun schafft.
Nieft de stëmmleche Qualitéite spillen och d'Bünepresenz, de Charisma an d'Fäegkeet, de Public ze begeeschteren, eng entscheedend Roll.
Israel-Debatt: Lëtzebuerg definéiert keng konkret rout Linn
Nieft de musikalesche Preparatioune gëtt den Eurovision Song Contest och weider vu politesche Kontroverse begleet. Besonnesch d'Participatioun vun Israel huet an de leschte Jore fir Boykott-Diskussioune gesuergt.
Lëtzebuerg hält fir den Ament u senger Participatioun um ESC fest. Ob et fir Lëtzebuerg eng rout Linn gëtt, bei där een net méi matmaache géif, wollt den David Gloesener op Nofro vum Radio 100,7 nach net konkret festleeën.
„Bis ewell si mer nach ëmmer der Meenung, dass d'Eurovisioun e Contest ass, wou et éischter ëm d'Musek soll goen, ëm d'Artisten, ëm d'Mateneen, ëm d'Frëndschaft.“
Et kéint een net virausgesinn, wat an der Welt geschitt, sou den David Gloesener.
D'Finaliste ginn am November bekannt
Fir déi 80 Kandidatinnen a Kandidaten ass elo fir d'éischt entscheedend, ob si déi éischt Selektiounsronn gepackt hunn. No den Auditioune ginn déi zeréckbehalen Artiste bekannt gemaach. D'Finaliste vum Luxembourg Song Contest sollen dann no dem Pairing Workshop Mëtt November feststoen.
Déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest ass fir den 30. Januar 2027 an der Rockhal geplangt. Do gëtt decidéiert, wie Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest am Mee 2027 zu Burgas a Bulgarie vertriede wäert.